Zanter dem 11. Mee115 Policekontrollen a 25 Avertissements taxés pro Dag

RTL Lëtzebuerg
Wéi annoncéiert, huet d'Police och an der zweeter Phas vum Deconfinement kontrolléiert, ob d'Leit sech un d'virgeschriwwe Mesuren halen.

D'lescht Woch goufe ronn 115 Kontrollen den Dag gemaach, woubäi haaptsächlech gekuckt gouf, ob d'Leit sech géifen un de Social distancing halen, ob se e Mask unhunn op deene Plazen, wou keng 2-Meter-Distanz gehale ka ginn an ob sech un de Verbuet vu Rassemblementer gehale gëtt.

Eng 25 Avertissement taxés goufen et d'lescht d'Woch pro Dag uechter d'Land. Haaptsächlech, well d'Leit keng Mask unhaten. 80 Procès-verbaux goufen et, well d'Leit op de Plagë vum Stauséi waren, obwuel dës zou sinn.

D'Police erënnert nach emol drun, datt ee sech zu maximal 6 Leit bei engem doheem dierf gesinn, an et am ëffentleche Raum net méi wéi 20 Leit dierfe sinn, déi zesumme kommen. E Mask oder soss eng Form vun Nues- a Mondschutz sinn obligatoresch, wann een d'Distanz vun 2 Meter net anhale kann.

Hält ee sech net un dës Dispositiounen, da kann een e Protokoll vun 145 Euro kréien.

Back to Top
CIM LOGO