Orange-Clientë ware betraffNoutruff 113 um Méindeg just ageschränkt erreechbar, Probleem entretemps behuewen

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg am Nomëtteg, kuerz no 17 Auer, hat d'Police Probleemer beim Noutruff gemellt.
© RTL-Archiv

Wéinst technesche Problemer am Reseau vum Operateur Orange konnt et zu Schwieregkeete kommen, fir den Police-Noutruff 113 ze erreechen. Betraffe Leit ware gebieden, am Noutfall op den 112 unzeruffen.

En Dënschdeg de Moien huet d’Police matgedeelt, datt déi technesch Probleemer am Reseau nees behuewe goufen. Orange huet méi spéit um Dënschdeg annoncéiert, datt de Problem just en Deel vun de Clientë betraff hätt, dat tëscht 18.30 an 20.30 Auer.

Back to Top
CIM LOGO