
D'Corona-Pandemie huet Repercussiounen op all ekonomesch Domainer, sou och op de Wuerentransport op der Musel. Par Rapport zum leschte Joer gouf et eng Baisse vun 11%, wat de Wuerentransport um Grenzfloss ugeet. Dës Informatioun liwwert de Mobilitéitsminister François Bausch an zwar op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Ost-Deputéiert Octavie Modert.
De grénge Minister mécht seng Äntwert op de ronn 4,7 Milliounen Tonne Gidder fest, déi dëst Joer op Schëffer duerch d'Schleis zu Gréiwemaacher transportéiert goufen. Dat sinn awer ronn 579.000 Tonne manner wéi nach 2019.
Wann een d'Zorte vu Schëffer kuckt, déi dëst Joer op der Musel ënnerwee waren, sou ass et iwwerall eng kloer Baisse. E Minus vu 65% bei de Sportsbooter an zum Beispill 3 Mol manner Persouneschëffer, déi op der Musel zirkuléiert sinn.
Gidderschëffer goufen der iwwregens dëst Joer ronn 3.400 op der Musel gezielt, dat bei 70 Tankschëffer.
De Réckgäng vun de Wuerentransporter ass dem Minister Bausch no virun allem drop zeréckzeféieren, datt d'Automobilsbranche vill manner produzéiert huet, sou datt manner Stol an Äerzer transportéiert goufen.
Donieft goufen et Periode vun Niddregwaasser um Rhäin an d'Spär vun der Schëff-Navigatioun war an de September reportéiert ginn.
Datt vill manner Persounen- a Sportsbooter gefuer sinn, ass natierlech dem Lockdown an den zouene Grenze geschëlt.
Repercussiounen hunn dës Baissë vum Schëff-Wueren-Transport natierlech och op d'Aktivitéiten am Hafe vu Mäertert, sou datt de globalen Ëmschlag an Tonnen ëm 5% dëst Joer am Verglach mat 2019 erofgaangen ass.
Zum Beispill ass den Import vu Schrott fir d'Stolindustrie ëm bal en Drëttel erofgaangen an den Import vu Pëtrolsprodukter ëm 13%.
Eenzege Liichtbléck fir d'Responsabel vum Mäerter Hafen: D'Zuel vun Containeren ass eropgaangen, an zwar vu 7.700 op ronn 11.000 Stéck.
