Zanter dem 18. Mee100 Policekontrollen a 15 Avertissements taxés pro Dag

RTL Lëtzebuerg
Och an Zäite vum Deconfinement kontrolléiert d'Police, ob sech d'Leit un d'virgeschriwwe Mesuren halen.

Tëscht dem 18. an dem 24. Mee goufe ronn 100 Kontrollen den Dag gemaach, woubäi haaptsächlech gekuckt gouf, ob d'Leit sech géifen un de Social distancing halen, ob se e Mask unhunn op deene Plazen, wou keng 2-Meter-Distanz gehale ka ginn, an ob sech un de Verbuet vu Rassemblementer gehale gëtt.

Eng 15 Avertissements taxés goufen et an deem Zäitraum uechter d'Land. An 90% vun de Fäll, well déi betraffe Persoune keng Mask unhaten.

Eng Partie Procès-verbaux goufen et, well d'Leit op de Plagë vum Stauséi waren, obwuel dës zou sinn. Net un d'Reegele gehalen hu sech och eng Abberzuel Bierger, déi méi wéi 6 Bekannter bei sech heem invitéiert haten.

D'Police erënnert nach emol drun, datt ee sech zu maximal 6 Leit bei engem doheem dierf gesinn, an et am ëffentleche Raum net méi wéi 20 Leit, déi zesumme kommen. E Mask oder soss eng Form vun Nues- a Mondschutz sinn obligatoresch, wann een d'Distanz vun 2 Meter net anhale kann.

Hält ee sech net un dës Dispositiounen, da kann een e Protokoll vun 145 Euro kréien.

Back to Top
CIM LOGO