Mat Retard aus der Vakanz100 Luxair-Passagéier fléie mat 24 Stonne Retard vu Faro zréck heem

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi 100 Luxair-Passagéier waarden RTL-Informatiounen no zanter e Samschdeg zu Faro, fir op Lëtzebuerg ze fléien.
© RTL

Den Depart vum Vol LG 786 war e Samschdeg 19.10 Auer virgesinn. Wéinst engem technesche Problem war dat awer net méiglech.

E Stéck, ouni dat een net fléie kéint, misst ersat ginn, esou de Luxair Generaldirekter Gilles Feith RTL géintiwwer. D’Passagéier wieren an engem Hotel ënnerbruecht ginn.

E Sonndeg den Owend, also mat 24 Stonne Retard, solle si vu Faro heem geflu ginn.

Back to Top
CIM LOGO