
Aktuell si 76 Persounen hospitaliséiert, dovunner 16 op der Intensivstatioun.
Den Ament ginn et 2.643 aktiv Infektiounen an 49.807 Persoune gëllen als geheelt.
798 Persoune kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 331 Leit war déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 24.024 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.