
Aktuell sinn 116 Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 3.201 aktiv Infektiounen. 60.563 Persoune gëllen als geheelt.
3.597 Mënsche kruten e Mëttwoch hir 1. Dosis, fir 2.566 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 147.515 Dosisse gesprëtzt.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,22. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.