
Den Auto wollt ofbéien, wéi d'Motorradsfuererin ugesat hat, fir z'iwwerhuelen. D'Fra koum mat schwéiere Blessuren an d'Spidol.
Da mellt d'Police nach 2 Fäll vun Autodéifstall. E Sonndeg de Moien war dem Proprietär vun engem Auto zu Diddeleng opgefall, dass säi Gefier vum Parking an der Rue Gare-Usines geklaut gi war. Do wou hien e freides géint 16 Auer ofgestallt hat, louche just nach Glasschierbelen um Buedem. Geklaut gouf e wäisse Fiat Ducato mat der lëtzebuergescher Plackennummer JL7622.
Zu Schuller gouf an der Rue de l’Eglise tëscht Hallefnuecht an e Méindeg de Moien e schwaarze Jaguar Land Rover, Modell Range Rover mat der Plack LG2278 geklaut.