Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vun 8.457 Tester waren der 168 positiv

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 762 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 138 Persounen hospitaliséiert, dovunner 30 op der Intensivstatioun.
 
2.706 Mënsche kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 1.120 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 112.764 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,78. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO