Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vun 10.397 Tester waren der 67 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, deemno op 809 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 51 Persounen hospitaliséiert, dovunner 18 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.662 aktiv Infektiounen. 66.994 Persoune gëllen als geheelt.

An de leschte 24 Stonne goufe 3.796 Leit eng éischte Kéier an 2.913 Leit eng zweete Kéier geimpft. Am Ganze goufe bis ewell 304.062 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,83. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO