Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vu 483 Tester waren der 7 positiv

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Mënschen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 761 geklommen ass.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 137 Persounen hospitaliséiert, dovunner 32 op der Intensivstatioun, ee Patient kënnt aus dem Grand-Est.
 
2.563 Mënsche kruten e Méindeg hir 1. Dosis, fir 490 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 108.940 Dosisse gesprëtzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,95. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: Rapport journalier

Back to Top
CIM LOGO