Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Mënsch gestuerwen, 44 Fäll bei 6.665 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 818 geklommen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 21 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 893 aktiv Infektiounen. 68.316 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 356.322 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,99. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO