
Aktuell si 64 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 13 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 914.108 Impf-Dosisse genotzt. 7.080 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.