Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudegen an 141 Positiver bei 2.089 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, insgesamt elo bei 835 läit.
© RTL-Grafik

Aktuell sinn 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner 8 op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 780.427 Impf-Dosisse genotzt. 546 Leit kruten e Dënschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 793 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,94. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO