CGDIS1 Blesséierten no Chute mat Motorrad

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS e blesséierte Motocyclist, wéi dësen en Donneschdeg de Mëtteg ëm 12.45 Auer zu Leideleng gefall ass.

Op der Areler Autobunn op der Héicht Wandhaff/Stengefort gouf et géint 12.51 Auer en Autosaccident. Och hei gouf 1 Persoun verwonnt.

Kuerz no 14 Auer krute sech eng Camionnette an e Bus an der Avenue de la Liberté an der Stad ze paken. De Bilan ass 1 Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO