
Hei waren ee Bus an een Auto kollidéiert, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz war eng Ambulanz, de Centre d'intervention an d'Police aus der Stad.
Um Belval gouf et de Mëttwoch de Mëtten um 16.30 Auer en Accident, mellt de CGDIS - zwou Persoune goufe blesséiert, wéinst Batterien, déi gebrannt hunn. Si koume fir eng Kontroll an d'Spidol. Bei engem Brand zu Ettelbréck beim Camping um 12.45 Auer ass kengem eppes geschitt.
An der Rue Nicolas Martha an der Stad hat et en Dënschdeg géint 19.15 Auer tëscht engem Auto an engem Motorrad gerabbelt. Eng Persoun gouf liicht verwonnt.
Kuerz no Hallefnuecht ass op der Route du Vin zu Meechtem en Auto op d'Kopp gaangen. Hei blouf et awer beim Materialschued.