Pompjeesasaz1 Blesséierte bei Brand um Lampertsbierg

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend géint 22.40 Auer koum et an der Stad an der Rue Henri VII zu engem Feier an enger Kummer.

Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn a koum an d'Spidol. Wéi et vun der Police heescht, wier d'Wunneng um Rez-de-chaussée staark beschiedegt ginn an och d'Wunneng um 1. Stack ass den Ament net bewunnbar. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an 2 Ambulanzen aus der Stad an d'Hesper Pompjeeën.

© Mobile Reporter

Zu enger Dampentwécklung koum et de selwechten Owend zu Mamer an der Rue Raoul Follereau an engem ënnerierdesche Parking. Hei ass et bei Materialschued bliwwen.

En Accident mat engem Blesséierte gouf et och kuerz viru Mëttwoch Hallefnuecht, wéi tëscht Uewerpallen a Biekerech en Auto vun der Strooss ofkomm war an e Bam ze pake krut.

Back to Top
CIM LOGO