
Op der Plaz waren d'Stater Ambulanz a Pompjeeën.
E Freideg den Owend hat et géint 19.26 Auer um Boulevard Royal an der Stad geknuppt. 2 Autoe sinn hei net laanschtenee komm. De Bilan ass 1 Blesséierten. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren am Asaz.
En accidentéiert Gefier gouf dem CGDIS kuerz no 21 Auer tëscht Koplescht an Huelmes gemellt. Aus bis ewell nach ongekläerte Grënn krut de Chauffer eng Mauer ze paken. Hie gouf a sengem Auto ageklemmt a gouf blesséiert. En Otemtest huet erginn, dass den erlaabten Héchstwäert däitlech iwwerschratt gouf. E war iwwer duebel esou héich wéi erlaabt. Sur place waren d'Pompjeeë vu Koplescht a Miersch, de Samu an eng Ambulanz vu Lëntgen.
Zu Bieles an der Rue de l'usine hat sech ëm 3.44 Auer en Auto iwwerschloen. Bei der Kollisioun huet eng d'Fuererin Blessuren um Kapp dovugedroen. Si koum an d'Spidol. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. D'Pompjeeë vu Monnerech an Déifferdeng/Suessem, wéi och eng Ambulanz vun do waren direkt op der Plaz.