
Informatioune vun der Police no hätt een Automobilist d'Virfaart bei engem Stoppschëld net respektéiert an dunn en anert Gefier ze pake kritt. De CGDIS mellt 1 Blesséierten. Engem Aenzeien no hätten de Motor an d'Boîte vum Auto op der Strooss geleeën.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Wëntger an d'Ambulanz vu Wolz.