Esch1 Blesséierte bei Accident tëscht Auto a Motorrad

RTL Lëtzebuerg
Um Boulevard Charles de Gaulle koum et e Méindeg géint 17.10 Auer zu engem Accident tëschent engem Auto an engem Motorrad.

De Motocyclist ass wärend engem Iwwerhuelmanöver mat engem Auto kollidéiert, deen um ofbéie war. Wéi et vum Motorradsfuerer heescht, wier seng Siicht duerch e Bus ageschränkt gewiescht. Eng Persoun gouf blesséiert a koum an d'Spidol. Am Asaz waren nieft dem Escher Samu, de Pompjeeën an der Ambulanz och nach d'Pompjeeë vu Suessem/Déifferdeng.

Eng weider Kéier huet et géint 22.40 Auer zu Zolwer geknuppt. De Chauffer gouf dobäi net verwonnt. Well den Alkoholtest positiv ausgefall ass, gouf de Permis agezunn an den Automobilist krut e provisorescht Fuerverbuet.

Zu enger weider Kollisioun koum et dann zu Bidscht. Hei krute sech um kuerz virun 9 Auer en Dënschdeg de Moie 4 Gefierer ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert.

An zu Longsdref war dann nach e Motocyclist gefall, deen och blesséiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO