CGDIS1 Blesséierte bei Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend géint 19.45 Auer ass tëscht Helleng a Fréiseng en Auto accidentéiert. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.

D'Ambulanz vu Beetebuerg, grad wéi d'Asazzentere vun Diddeleng a vu Fréiseng waren op der Plaz.

Da goufen et nach 2 kleng Bränn, ee mol tëscht Iechternach a Steenem, an eemol um Kierchbierg. A béide Fäll ass kengem eppes geschitt.

De Méindeg de Mëtte géint 14.20 Auer gouf et op der Route d'Arlon zu Mamer en Accident tëschent engem Auto an engem Moto, bei deem eng Persoun blesséiert gouf - dat mellt de CGDIS. Zu Märel an der Rue Jean Mersch-Wittenauer huet kuerz no 14.30 Auer eng Heck gebrannt, hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO