Nom Doud vum Ajatollah Ali ChameneiWéi geet et elo weider am Iran? Wéi reagéiert d'EU a Lëtzebuerg?

Annick Goerens
Déi Fro stellt sech nodeems de mächtegste Mann am Iran, den Ajatollah Ali Chamenei, no bal 4 Joerzéngten un der Muecht, bei den israeelesch-amerikaneschen Attacken ëm d’Liewen komm ass.
© RTL Archiv

Den iranesche President gesäit dëst als eng Krichserklärung un all d’Moslemen iwwerall op der Welt. Hie géing et elo als seng legitim Flicht gesinn, fir sech un den Täter ze rächen.

An deementspriechend huet Teheran an de leschte 24 Stonnen gehandelt. Bei Revanche-Attacken op Israel goufen et bis ewell aacht Doudeger. Donieft goufen et iwwerall uechter d’Golfstaate weider Attacken: am Katar, am Bahrain, a Saudi-Arabien, am Kuwait an och an de Vereenegten Arabeschen Emirater. Am Bahrain gouf een Héichhaus attackéiert an zu Dubai huet de bekannte Luxushotel Burj Al Arab gebrannt.

Dausenden Touriste sëtzen elo an der Golfregioun fest, well d’Fluchhäfen zou sinn. Déi Vereenegt Arabesch Emirater warnen den Iran. Teheran misst nees raisonnabel ginn, iert de Krees vun der Eskalatioun weider ausgedeent gëtt.

Pëtrolspräisser klammen als Konsequenz

Ma net just den Tourismus ass an de Golfstaaten a Gefor, ma och hir wichtegst Revenue-Quell, de Verkaf vu Pëtrol. Déi iranesch Revolutiounsgard blockéieren nämlech elo déi bekannt Strooss vun Hormus. Normalerweis fueren hei Tanker mat ronn 20 Prozent vun de weltwäiten Pëtrol-Liwwerungen doduerch.

Virun der Küst vum Oman gouf och een Tanker attackéiert. De Pëtrolspräis ass mëttlerweil scho weltwäit ëm 10 Prozent geklommen, Tendenz no uewen.

Revanche-Attacke vu Parteien, déi sech hannert den iranesche Regime stellen

Nom Doud vum Chamenei ginn et am Noen Osten och vill Fraktiounen, déi sech decisiv hannert den iranesche Regime stellen: dorënner d’Miliz vun der Hisbollah am Libanon oder d’Huthi am Jemen. Zu Bagdad am Irak hunn Schiitte versicht, an d’US-Ambassade eranzekommen. An bei enger Attack op een US-Konsulat an der pakistanescher Stad Karachi sinn néng Mënschen ëm d’Liewen komm. Honnerten Demonstranten haten do d’Gebai vun den US-Amerikaner attackéiert.

D’EU beréit, Point-Presse vum Xavier Bettel e Sonndeg den Owend

Wéinst der explosiver Situatioun am Noen Osten nom Doud vum Ayatollah Chamenei kënnt am Nomëtteg en ausseruerdentlechen EU-Ausseminister Conseil beieneen. Hei gëtt iwwert déi aktuell Situatioun an de Nopeschregioune vum Iran an Israel diskutéiert an iwwer déi europäesch Äntwerten.

Nom Conseil mécht den Ausseminister Xavier Bettel de Point virun der Press, dat zesummen mam Luxair-Direkter Gilles Feith. Dobäi wäert et och ënner anerem drëms goen, wéi d’Lëtzebuerger an där Regioun kënnen rapatriéiert ginn. De Point Presse kënnt dir an eisem Livestream vun 18h30 un suivéieren.

Bléift zu all Moment an eisem Liveticker um neiste Stand iwwert d’Entwécklungen am Iran an am Noen Osten:

Back to Top
CIM LOGO