Wal vum neien UN-GeneralsekretärVéier Kandidate stinn an der Course ëm d'Successioun vum António Guterres

Bakir Demic
Dem António Guterres seng Amtszäit als UN-Generalsekretär geet den 31. Dezember offiziell op en Enn, dat no insgesamt 10 Joer. Bis dohinner muss en Nofollger oder eng Nofollgerin gewielt ginn.
© RTL Grafik

Mee wat ass den UN-Generalsekretär iwwerhaapt? Déi Vereenten Natioune selwer beschreiwe seng Roll als eng Mëschung aus Diplomat, Beamten an Direkter. Zu sengen Aufgabe gehéiert et ënner anerem, den UN-Sécherheetsrot op all Ugeleeënheet opmierksam ze maachen, “déi senger Meenung no d’Preservatioun vum Weltfridden an der internationaler Sécherheet a Gefor brénge kéint”. Dës weidere gëtt vun him verlaangt,“d’Wäerter an déi moralesch Autoritéit vun de Vereenten Natiounen oprecht z’erhalen an am Sënn vum Fridden ze handelen an ze schwätzen”. Vereinfacht ausgedréckt, ass hien also Diplomat, Mediateur a Representant gläichzäiteg.

Den António Guterres wäert um Enn vu senger Amtszäit als Generalsekretär zanter gutt 10 Joer un der Spëtzt vun de Vereenten Natioune stoen
© AFP

Mat Bléck op déi aktuell Weltlag, gezeechent vu sëllege Krisen a Kricher, hannerléisst den nach-UN-Generalsekretär António Guterres sengem méigleche Successeur keen einfache Posten. Iwwerdeems stinn d’UN souwisou schonn zanter méi laangem an der Kritik: Ineffizient, wéineg Afloss an net capabel, bei Konflikter adequat ze handelen, esou nëmmen e puer vun de Reprochen, déi ëmmer nees geäussert ginn. E schwéiert Ierwen also fir déi insgesamt 10. Persoun un der Spëtzt vun de Vereenten Natiounen.

Véier méiglech Nofollger stinn an der Course ëm d’Successioun vum António Guterres

Nach bis e Mëttwoch konnten Nominéierunge fir den neien UN-Generalsekretär eragereecht ginn. Eenzeg Viraussetzung war et, vun op d’mannst engem UN-Memberstaat offiziell nominéiert ze ginn. Zeréckbehale goufe véier Kandidaturen.

Rafael Grossi

IAEA-Chef Rafael Grossi
IAEA-Chef Rafael Grossi
© AFP

De 65 Joer alen Argentinier gëllt fir vill Experten als Favorit op de Posten. Als Chef vun der Internationaler Agence fir Atomenergie (IAEA) ass hien zanter méi laangem schonn an eng Rei brisant a komplex Dossieren op der ganzer Welt involvéiert, ënnert anerem an d’Fro ronderëm d’Sécherheet vum AKW Saporischschja, am Kader vum Ukrain-Krich. Doriwwer eraus verlaangt säin Job e reegelméissegen Echange mat Atommuechte wéi den USA, China oder Russland. Och am Kontext vum aktuellen Iran-Krich huet sech de Rafael Grossi ëmmer nees als Vermëttler ervirgedoen an zu Zréckhalung opgeruff.

Michelle Bachelet

Déi 74 Joer al Michelle Bachelet war UN-Héichkommissärin fir Mënscherechter an Direktesch vun UN Women.
© RAUL BRAVO/AFP

Eelst Kandidatin ass mat 74 Joer déi fréier chileenesch Presidentin a fréier UN-Héichkommissärin fir Mënscherechter Michelle Bachelet. Och si geet an d’Course ëm d’Successioun vum António Guterres a bréngt eng jett Joren un Erfarung op UN-Niveau mat. Wärend dräi Joer war si och déi éischt exekutiv Direktesch vun der nei gegrënnter UN-Organisatioun “UN Women”. Hir lescht Amtshandlung als Héichkommissärin fir Mënscherechter vun den UN war et, e Rapport iwwer Mënscherechtsverletzungen, Verfollgung an Ëmerzéiung vun der uighurescher Minoritéit a China ze verëffentlechen.

D’Michelle Bachelet gouf uganks nach zesumme vun hirem Heemechtsland Chile, Mexiko a Brasilien fir de Poste virgeschloen. Chile huet zanter dem Amtsuntrëtt vum neie rietsextreeme President José Kast d’Ënnerstëtzung fir d’Bachelet entretemps awer nees zeréckgezunn.

Rebeca Grynspan

D’Rebeca Grynspan ass Wirtschaftswëssenschaftlerin an zanter 2021 Generalsekretärin vun der UN-Konferenz fir Handel an Entwécklung
© FABRICE COFFRINI/AFP

Och déi 70 Joer al Costa-Ricanerin Rebeca Grynspan huet eng länger Lafbunn bei de Vereenten Natiounen hannert sech. Si ass zanter fënnef Joer Generalsekretärin vun der UN-Konferenz fir Handel an Entwécklung an hat virun hirer Karriär bei den UN och ënnerschiddlech Funktiounen an der Regierung vun hirem Heemechtsland. Sou war si beispillsweis vun 1994 bis 1998 Vizepresidentin a vun 1995 bis 1996 Wirtschaftsministesch vu Costa Rica. Fir d’Vereenten Natiounen huet si mat Ënnerbriechung vun 2001 bis 2014 an nees zanter 2021 geschafft. Besonnesch hirem Engagement war et ze verdanken, datt kuerz nom Ufank vum Ukrain-Krich 2022 d’Kärenofkommes tëschent Russland an der Ukrain zustane komme konnt.

Macky Sall

De Macky Sall ass den eenzege Kandidat, deen net aus Südamerika kënnt
© GIANLUIGI GUERCIA/AFP

Dem fréiere President vum Senegal ginn déi schlechtst Chancen ausgerechent. Zwar huet de 64 Joer ale Macky Sall wärend senger éischter Amtszäit Mesuren ënnerholl fir d’Korruptioun am Senegal ze bekämpfen an och d’Infrastruktur massiv auszebauen, ma him gouf och en autoritäert a brutaalt Virgoe géint Oppositioneller reprochéiert. Mee och dem Sall seng afrikanesch Hierkonft kéint him an der Course ëm den UN-Generalsekretärsposten zum Nodeel ginn: Enger ongeschriwwener Reegel no soll d’Hierkonftsregioun vum Generalsekretär traditionell och allkéiers rotéieren. Nächst Joer wier deemno Latäinamerika un der Rei. Festgeschriwwen ass dës Reegel wéi gesot awer net. Wéi och d’Michelle Bachelet gëtt de Macky Sall net vu sengem Heemechtsland bei senger Kandidatur ënnerstëtzt. Hie gouf vu Burundi virgeschloen.

Den nächsten UN-Generalsekretär wäert den insgesamt 10. ginn. Eng Fra gouf et op deem Poste bis ewell nach ni, wat besonnesch vun der aktueller Presidentin vun der UN-Generalversammlung Annalena Baerbock rezent kritiséiert gouf.

Mëtt Abrëll soll et elo eng Aart Virstellungsgespréich mat de véier Kandidate ginn. Spéider muss sech de Sécherheetsrot iwwer eng Persoun eenegen, ier dann an engem Vott vun der Generalversammlung offiziell ofgestëmmt gëtt. Och wann d’Frist fir Kandidaturen eranzereechen den 1. Abrëll offiziell ofgelaf ass, gi bis zum Vott nach Last-Minute-Kandidaturen akzeptéiert. Eng endgülteg Decisioun gëtt sech fir Hierscht erwaart.

Back to Top
CIM LOGO