
D'Emma Bonino war fréier EU-Kommissärin an Ausseministesch vun Italien, ass awer virun allem als Feministin bekannt. Si huet fir d'Recht op Scheedung an Ofdreiwung gekämpft a Respekt an der kompletter politescher Landschaft Respekt genoss. "Haut verléiere mir net nëmmen eis Leaderin, mee och eng vun de wäitsiichtegsten, couragéisten a fräiste Perséinlechkeeten an der politescher Geschicht vun eisem Land", esou d'Partei an hirem Facebookpost. Och déi ultrariets italieenesch Premierministesch Giorgia Meloni huet Wierder un d'Emma Bonino adresséiert: Och wann d'Hannergrënn a Siichtweisen ënnerschiddlech gewiescht wieren, "huet mech dat ni dru gehënnert, hir Bedeitung an hir Roll am ëffentleche Liewe vun eiser Natioun un z'erkennen".