Reporter ouni GrenzenTrump op der Lëscht vun de "Feinde vun der Pressefräiheet"

RTL Lëtzebuerg
D'Organisatioun Reporter ouni Grenzen huet den US-President op d'Lëscht geholl, well hie seng Muecht géint kritesch Berichter iwwert hien a seng Politik asetzt.
Den Donald Trump presentéiert en Dekreet, mat deem hien d'Dieselpräisser wëll nees erofkréien.
Den Donald Trump presentéiert en Dekreet, mat deem hien d'Dieselpräisser wëll nees erofkréien.
© WIN MCNAMEE/Getty Images via AFP

Wéinst sengen Ugrëffer op kritesch Medien ass den Donald Trump vun der Journalistevereenegung Reporter ouni Grenzen RSF op d'Lëscht vun de "Feinde vun der Pressefräiheet" gesat ginn. Hie géif d'Muecht vu sengem Amt geziilt géint kritesch Berichter asetzen, esou déi Responsabel vun RSF um Internationalen Dag fir d'Enn vu stroffräie Verbriechen u Journalisten.

Der Organisatioun no géifen d'USA ënner dem Trump weisen, wéi séier sech d'Lag vun der Pressefräiheet an engem Land verschlechtere kann, wa politesch Muecht fir Aschüchterung vu Medien agesat gëtt. Zanter dem Ufank vum Trump senger zweeter Amtszäit si seng Ugrëffer op d'Press méi heefeg ginn. Réischt am September hate verschidde Medienhaiser am Wäissen Haus Hausverbuet kritt gehat.

D'USA stinn op der RSF-Ranglëscht vun der Pressefräiheet op Plaz 64 vun 180 - sou déif wéi nach ni. D'Organisatioun zielt aktuell 33 "Feinde vun der Pressefräiheet". Si all attackéieren deemno den onofhängege Journalismus an d'Recht op fräi Informatioun. Nieft dem US-President stinn och de Wladimir Putin an de Xi Jinping op där Lëscht. Erëm drop vertrueden ass den ägyptesche President Abdel Fattah al-Sisi. Erofgeholl gi, sinn de fréieren ungaresche Premier Viktor Orban an de serbeschen Ex-President Aleksandar Vucic.

Back to Top
CIM LOGO