Däitsch Medie mellenF-16-Militärfliger bei US-Stëtzpunkt an der Äifel erofgefall

RTL Lëtzebuerg
Den Trierischer Volksfreund huet en Dënschdegmëtteg gemellt, datt beim US-Stëtzpunkt Spangdahlem e Fliger erofgefall wier.
© Photo by BORIS ROESSLER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

An der Äifel soll en Dënschdeg de Mëtteg een US-Militärfliger vum Typ F-16 erofgefall sinn. Dat mellt den Trierischer Volksfreund den Informatioune vun enger Rei vertrauleche Quellen no. Den Accident soll an der Géigend vum US-Loftwaffestëtzpunkt Spangdahlem geschitt sinn, wou eng Staffel vum Typ F16 stationéiert ass. Awunner aus Binsfeld hunn dem däitschen SWR gemellt, datt eng grouss Dampwollek ze gesinn an e Groussasaz vu Pompjeeën a Police ze héiere gewiescht wier.

De Pilot, dee grad amgaange war, ze landen, soll sech per Schleidersëtz gerett kritt hunn, éier de Fliger op engem Golfparcours net wäit vun der B50 tëscht Binsfeld a Spangdahlem erofgefall ass.

Eng offiziell Meldung vun den däitschen Autoritéiten oder vum Stëtzpunkt gouf et bis elo nach net.

Schonn am Oktober 2019 war an der Géigend vu Spangdahlem ee Kampfjet erofgefall.

Back to Top
CIM LOGO