E Sonndeg gëtt an Ungarn gewieltKënnt de Regierungswiessel a wien ass dem Viktor Orbán säin Erausfuerderer?

Petz Bartz
Zu den zentralen Theme bei dëse Walen zielen d'Korruptioun an déi schlecht Liewensbedingungen.
E Sonndeg gëtt an Ungarn gewielt
Kënnt de Regierungswiessel a wien ass dem Viktor Orbán säin Erausfuerderer?

No 16 Joer un der Spëtzt vun Ungarn riskéiert de Viktor Orbán, den déngschteelste Premier an Europa, e Sonndeg de Sondage no d’Muecht bei de Walen ze verléieren. Bannent nëmmen zwee Joer huet de 45 Joer jonke Péter Magyar seng Partei zu der beléiftster am Land gemaach. Observateure rechne mat enger héijer Walbedeelegung vun iwwer 80 %.

De Rietspopulist Viktor Orbán konnt mat senger Fidesz-Partei véier Mol kloer d’Wale gewannen, och well d’Oppositioun schwaach an zerspléckt war. Haut ass se massiv a steet villfach hannert dem Erausfuerderer Péter Magyar.

Op d’Käschte vun den Awunner beräichere sech, an engem Klima vu wirtschaftlechem Stëllstand am Land, Oligarchen am Donstkrees vun der Orbán-Regierung, déi fir konservativ Familljevaleure a géint Immigratioun a perséinlech Fräiheete steet.

Wéi säi Virbild am Kreml huet de Viktor Orbán e feste Grëff op d’Muecht ausgeschafft. Vill Gesetzer kënne just mat Zwee-Drëttel-Majoritéit geännert ginn. D’Pressefräiheet ass ausser Kraaft gesat, d’Geriichter si gespickt mat treie Parteizaldoten an d’Walbezierker goufen am eegenen Intressi manipuléiert.

No 16 Joer Viktor Orbán zielt Ungarn zu deenen äermste a korruptste Länner an Europa. Sech als Friddensstëfter ze verkafen a säin Erausfuerderer als Frënd vun der Ukrain duerzestellen verléiert u Glafwierdegkeet, wann een d’Ënnerstétzung huet vun de Krichshäre vu Washington. Ma den Orbán versicht et nawell: “Wann Ungarn eng Regierung huet, déi den Intressi vun den Ukrainer vertrëtt amplaz vun den Ungaren, da geet dat ungarescht Geld fort an d’Ukrain. Och dat steet um Spill bei dëse Walen.”

A bei verschiddene Bierger fënnt hien domat och Gehéier. “Hei an Ungarn steet de Viktor Orbán fir 16 Joer Stabilitéit iwwerdeems déi ganz Welt kacht. Mir brauche Stabilitéit hei. Et ass elo net de Moment fir Experimenter ze maache mat enger neier Regierung, scho guer net mat engem Péter Magyar.”, resuméiert e Sympathisant seng Siicht op d’Walen.

Mee de Péter Magyar ass wäit dovun ewech, e Progressiven ze sinn. E war als Rietskonservativen zwee Joerzéngte laang Member vu Fidesz an huet fir den Orbán-Regime geschafft. En ass ideologesch mat senger neier Partei Tisza gréisstendeels op säi fréiere Mentor alignéiert, och a punkto Immigratioun. Zu LGBTQ+-Rechter evitéiert e Positioun ze bezéien – wëllt vläicht keng Ugrëffsfläch bidden. E versprécht awer e Retour vun der Pressefräiheet an e schaarfe Kampf géint d’Korruptioun. D’Zuel vun de méigleche Mandater fir e Premier soll och op zwee limitéiert ginn. Den Ënnerscheed läit awer virun allem dodran, dass en net als Schoussmippche vu Moskau duerchgeet, an Observateuren sech méi konstruktiv Gespréicher vun him mat der EU an der NATO ausmolen, wéi mat enger Viktor Orbán, deen dacks zu Bréissel als Spläiter am Fouss empfonnt gouf, scho virun 11 Joer.

De Magyar appelléiert jiddwerfalls un den europäesche Geescht vu senge Landsleit: “Léif Fidesz-Wieler! Dir krut e biergerlecht Ungarn versprach, dat sech entwéckelt am Fridden. En europäescht Ungarn. Géift dir elo acceptéieren, dass onst Land Europa der Europäescher Unioun de Réck dréit, just dass déi Mafia-Regierung kann un der Muecht bleiwen?”

Dës Wielerin huet hie wuel iwwerzeegt: “Ech wëll de Wiessel. Ganz staark. Natierlech wielen ech fir Tisza. Mir mussen de Regime hei änneren.”

De Viktor Orbán empfënnt säin Ungarn als Musterbeispill fir en illiberale Staat – als Virbild fir d’Rietsnationaliste vun dëser Welt. Vill vun de 9 Millioune Wieler empfannen et dogéint als en aarmt Land, e Land, an deem een ënnerdréckt gëtt an dat deene sozialistesche Regimmer gläicht, déi d’Europäer am leschte Joerhonnert gestierzt hunn.

Back to Top
CIM LOGO