D’Situatioun wier den Ament extreem volatil, eng Evaluatioun vun haut kéint muer schonn nees iwwerholl sinn. Fir d’Regierung wier am Moment d’Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger, déi an der Regioun fest stiechen oder do wunnen, prioritär.
Den Ausseminister huet drop higewisen, datt d’Eskalatioun net nëmmen den Iran betrëfft, mee sech och op Nopeschlänner auswierkt. Hien hat an de leschten 48 Stonnen Telefonsgespréicher mat Ausseministeren aus Saudi-Arabien, den Emirater, Katar a Jordanien, an en Echange am Kader vun engem EU-Conseil mat de 27 Ausseminister. D’Zil war d’Situatioun ze evaluéieren an eng koordinéiert Approche ze fannen.
Dem Ajatollah Chamenei, dem politeschen a reliéise Leader vum Iran, deen ëm d’Liewen komm ass, wäert keen eng Tréin nokräischen, esou de Xavier Bettel. “Op een et wëll oder net, dass d’Attacken am Iran, déi vun Israel an Amerika gemaach gi sinn, am Aklang mam internationale Recht sinn, kann ech net soen. D’Internationaalt Recht gesäit ëmmer Prozeduren vir. An ech widderhuelen ëmmer, datt fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg dat internationaalt Recht déi beschte Garantie ass.”
Well vill Loftraim an der Regioun zou sinn, ass et fir de Moment schwéier bis onméiglech, zivil aus dem Gebitt erauszekommen. De Xavier Bettel huet dofir eng Recommandatioun ervirgehuewen, déi no senge Kontakter och vun den Autoritéiten an de Golfstaaten gedeelt gëtt: “Bleift do, wou Der sidd, a gitt keng onkalkuléiert Risiken an”.
Hien huet drop higewisen, datt et zwar vereenzelt nach Méiglechkeete kéint ginn, mee et géif keng Garantie ginn, datt Grenzen oder Fluchhäfen opbleiwen, oder datt een iwwerhaapt nach eng Transportméiglechkeet kritt. D’Leit sollen an hiren Hotelen bleiwen. An de Sécherheetsmessagen vun de lokalen Autoritéite follegen. Och wann et net verbueden wär, ze versichen, iwwert eng Landgrenz d’Regioun ze verloossen.
Den André Biever huet d’Roll vun der Plattform LamA (Lëtzebuerger am Ausland) betount, eng Registratiounsplattform fir Lëtzebuerger am Ausland. Nëmmen, wann een do ugemellt ass, kéint den Ausseministère novollzéien, wou een ënnerwee wier.
No engem Appell wieren d’Umeldungen an den Emirater bannent e puer Stonnen staark geklommen: vun 38 op iwwer 200 registréiert Persounen. D’Ekipp vum Ausseministère huet duerno d’Leit direkt kontaktéiert, fir hinnen d’Recommandatioune weiderzeginn.
Um Stand vun den Owend sinn 213 Persounen an den Emirater, 13 a Saudi-Arabien, 9 an Israel a 4 a Jordanien. Bis ewell gëtt et keng Umeldungen am Iran, Bahrain oder Kuwait.
Och Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, mee net onbedéngt Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, solle sech umellen. An enger Kris zielt virun allem, datt d’Autoritéite Leit erreechen a guidéiere kënnen.
De Luxair-Direkter Gilles Feith huet erkläert, datt d’Airline zënter e Samschdeg mat enger Cellule de crise vu ronn 100 Mataarbechter am Asaz wier. D’Prioritéit wier d’Sécherheet vun de Passagéier an de Crewen. Luxair steet am enke Kontakt mam Ausseministère an och mat der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.
D’Flich vu Lëtzebuerg op Dubai, déi fir den 3. a 4. Mäerz geplangt sinn, ginn mat ganz grousser Warscheinlechkeet annuléiert, fir net nei Passagéier an d’Risikosituatioun ze fléien. An d’Recommandatioune vun der EASA géifen europäesch Airlines aktuell staark dovun ofroden, an de Loftraum vun den UAE an der Regioun anzefléien. D’Luxair géif keng Risiken huelen, esou de Generaldirekter.
Dëse geet dovun aus, dass ronn 300 Luxair-Passagéier aktuell op der Destinatioun (Dubai/Abu Dhabi) sinn, dobäi komme weider Clienten, déi an den nächsten Deeg hätten zréckfléie sollen. Esou wiere knapp 500 Clienten betraff.
Fir Package-Clienten an och fir vill aner Clienten huet d’Luxair Hotelzëmmer organiséiert an zousätzlech Zëmmer wieren am Viraus blockéiert ginn, falls nach eng Nout entsteet.
D’Recommandatioun un d’Clienten, déi sech selwer organiséiert hunn, ass et bis minimum de 5. Mäerz ze verlängeren. Persounen, déi bis den 8. Mäerz en Ticket op Dubai hunn, kënne gratis ëmbuchen; fir Package-Clienten ginn alternativ Destinatioune proposéiert.
D’Luxair preparéiert och méiglech Evakuéierungsflich, esou de Gilles Feith. D’Sécherheet misst et erlaben an och wann de Loftraum nees opgéif, géif et op deenen Destinatiounen e Réckstau bei Maschinnen a Kapazitéiten, deen net an e puer Stonnen opgeléist ass, ginn.
De Xavier Bettel huet betount, datt eng gemeinsam europäesch Linn wichteg wier, och fir d’Evakuatiounen. Op d’Fro, firwat Europa net direkt mat enger Stëmm schwätzt, huet de Xavier Bettel ugedeit, datt e Land bei enger gemeinsamer Konklusioun géif bremsen, dat wier wéi sou dacks Budapest.