Op dem hollännesche Croisièresschëff "Hondius" ass den Hantavirus ausgebrach. Hei war och d'LAR an den Asaz komm, fir zwee infizéiert Passagéier auszefléien an zeréck an Europa respektiv op Amsterdam ze bréngen. Dono koum d'Maschinn zeréck an de Grand-Duché a gouf hei komplett desinfizéiert.
U sech gëtt de Virus vun Nagedéieren op de Mënsch iwwerdroen. Ma bei engem Typ vum Virus, deen haaptsächlech a Südamerika virkënnt, an deen och d'Ursaach fir den Ausbroch op der "Hondius" kéint sinn, ass eng Iwwerdroung vu Mënsch op Mënsch och méiglech. E Vaccin géint den Hantavirus gëtt et aktuell net an d'Medikamenter, déi et ginn, bekämpfe just d'Symptomer.
Hantavire kommen u sech op alle Kontinenter vir. Den Numm kënnt vum Floss Hantan, deen tëscht Nord- a Südkorea fléisst. Wären dem Korea-Krich vun 1950 bis 1953 haten iwwer 3.000 Zaldote sech de Virus agefaangen, deels mat ganz schwéiere Verleef.
Weltwäit existéieren eng grouss Unzuel un Hantaviren-Typpen, déi sech esouwuel an hirer geographescher Verbreedung, esou wéi dem Krankheetsbild ënnerscheeden. Si ginn dem RKI no an éischter Linn iwwer Nager iwwerdroen. Just bei engem Typ vu Virus, deen a Südamerika virkënnt, an dee bei Passagéier vun der "Hondius" an der Schwäiz an a Südafrika konnt nogewise ginn, ass a "seelene Fäll a bei enkem Kontakt" eng Iwwerdroung vu Mënsch zu Mënsch méiglech. Dësen Typ vun Hantavirus gëtt och nach Andesvirus genannt.
An der Reegel gëtt en Hantavirus vun engem Nagedéier op de Mënsch iwwerdroen. Mais oder Raten déngen dobäi dacks als "Tëschewiert" a ginn de Virus iwwer hire Spaut, Kot oder Urin weider. Mënsche kënne sech duerch e Bëss vun engem Nager, deen infizéiert ass, ustiechen, ma och d'Beréiere vun den Ausscheedunge oder d'Anootme vun infizéiertem Stëbs kann zu enger Infektioun féieren. Dëst kann zum Beispill am Bësch oder bei der Gaart- a Feldaarbecht de Fall sinn, respektiv a Gebaier, déi scho méi laang eidel stinn.
De Robert-Koch-Institut betount, datt ee sech ustieche kann, wann ee mat enger Wonn mat kontaminéierte Materialien oder Stëbs a Kontakt kënnt, respektiv wann ee Liewensmëttel ësst, déi vun Ausscheedunge vun infizéierten Déiere veronrengegt sinn. Den RKI huet an Däitschland ënner anerem d'Rötelmaus an d'Brandmaus als Tëschewiert vum Hantavirus identifizéiert.
D'Inkubatiounszäit läit an der Reegel bei zwou bis véier Wochen, a vereenzelte Fäll kann et och bis zu 60 Deeg daueren, bis d'Symptomer optrieden.
Déi eenzel Symptomer beim Mënsch kënnen ënnerschiddlech staark ausfalen. An der Reegel kritt een als éischt Féiwer a Kappwéi oder Péng an den Extremitéiten, also ganz änlech wéi bei enger Gripp. De Verlaf kann a schwéiere Fäll esouguer en déidlechen Ausgang hunn.
Infektioune mam Andesvirus aus Südamerika verlafen dem RKI no awer anescht géintiwwer deene Varianten, déi an Däitschland an a Mëtteleuropa u sech üblech sinn. "Wärend hei am Land d'Verleef gréisstendeels liicht sinn an och d'Niere ugräifen, kënnen déi südamerikanesch Hantaviren e schwéiert pulmonaalt Krankheetsbild ervirruffen". D'Situatioun vun de Betraffene géif sech séier verschlechteren an d'Stierflechkeet wier däitlech méi héich, esou dat däitscht Institut.
Déi zwou heefegst Krankheeten, déi duerch en Hantavirus ervirgeruff kënne ginn, ass den "Hantavirus-induzéierte kardio-pulmonale-Syndrom", kuerz HPS oder HCPS genannt, oder en hämorrhagescht Féiwer mat renalem Syndrom, HFRS ofgekierzt, bei deem et zu Problemer mat den Nieren oder esouguer zu komplettem Niereversoe ka kommen. Den HFRS gëtt duerch Virestämm aus Europa oder Asien verursaacht, den HPS oder HCPS trëtt éischter bei de Viren aus Nord- oder Südamerika op. Dës amerikanesch Hantavire gräifen dogéint d'Longen un a kënnen zu engem Versoe vun dëse féieren.
Der US-Gesondheetsautoritéit CDC no stierwe ronn 38 Prozent vun de Leit, déi sech mam Hantavirus, deen d'Longen attackéiert, infizéieren. Déi kanadesch Gesondheetsautoritéit schätzt, datt am Joer eng 200 Longenerkrankungen an Nord- a Südamerika op eng Infektioun mam Hantavirus zeréckzeféiere sinn.
E prominente Fall ass dee vun der Betsy Arakawa Hackman, der Fra vum Hollywood-Star Gene Hackman. Si ass am Februar 2025 am Alter vun 63 Joer un de Suitte vun enger Infektioun mat engem Hantavirus gestuerwen, esou d'Autopsie. Hir Läich gouf zesumme mat där vun hirem Mann an hirem Haus zu Santa Fe am US-Bundesstaat New Mexiko fonnt. Den Acteur, deen un Alzheimer erkrankt war, war den Ermëttlungen no eng Woch no senger Fra un enger Häerz-Kreeslaf-Erkrankung gestuerwen.