Statu vu Maria am Libanon geschännt?Israeelesch Arméi ermëttelt no Aktioun géint en Zaldot

RTL mat AFP
Nodeems eng Foto opgetaucht ass, op där en israeeleschen Zaldot eng Statu vun der Maria am Libanon schännt, huet d'Arméi eng Enquête an disziplinaresch Moossnamen annoncéiert.
De 14. Mäerz 2026 hat Israel Arméisgefierer, Panzer an Zaldoten net wäit ewech vun der Grenz mam Libanon stationéiert.
De 14. Mäerz 2026 hat Israel Arméisgefierer, Panzer an Zaldoten net wäit ewech vun der Grenz mam Libanon stationéiert.
© TSAFRIR ABAYOV/Anadolu via AFP

Eng Foto, déi zënter e Mëttwoch op de soziale Medien zirkuléiert, weist, wéi en israeeleschen Zaldot säin Aarm ëm d'Schëller vun enger Statu vun der Maria geluecht huet an der Statu eng Zigarett an de Mond stécht. Dëst Bild gouf an enger chrëschtlecher Regioun am Süde vum Libanon gemaach an huet séier fir Opreegung an der Ëffentlechkeet gesuergt. Op Nofro vun de Medien huet déi israeelesch Arméi deklaréiert, si géif "den Tëschefall ganz eescht huelen" an d'Verhale vum Zaldot géif "absolut net de Wäerter entspriechen, déi vun eisem Personal vum Militär erwaart ginn."

D'Féierung vun der Arméi huet annoncéiert, d'Evenement géif genee ënnersicht ginn an et géife "disziplinaresch Mesurë géint de betraffene Zaldot geholl ginn, jee nodeem, wat bei der Enquête erauskënnt." Ausserdeem gouf präziséiert, dass d'Foto schonn e puer Woche virun der Verëffentlechung gemaach ginn ass.

Net den éischte Fall

An de leschte Woche gouf déi israeelesch Arméi scho méi dacks kritiséiert fir de respektlosen Ëmgang vu sengem Personal mat chrëschtleche Symboler am Süde vum Libanon. Enn Abrëll hat d'Arméi annoncéiert, zwee Zaldote géife fir 30 Deeg vum Militär inhaftéiert ginn a si wieren net méi Deel vun hirer Unitéit, nodeems si eng Statu vum Jesus am Duerf Debl zerstéiert haten.

Am Zesummenhang mat deem Virfall war online eng Foto opgetaucht, op där een israeelesche Zaldot ze gesi war, wéi hie mat engem schwéieren Hummer de Kapp vun enger Statu vum Jesus ageschloen hat.

Arméi verséchert Respekt virun alle Reliounen

Déi israeelesch Arméi huet nach eemol betount, si géif "d'Reliounsfräiheet an d'Hellegkeet vun de reliéise Symboler vun alle Relioune respektéieren." Weiderhin huet si ënnerstrach, et géif "kee Wëlle bestoen, zivil oder reliéis Infrastrukturen, dorënner Gebaier a Symboler, am Libanon ze beschiedegen."

Back to Top
CIM LOGO