
Am Europaparlament hunn Deputéiert vun ënnerschiddleche Parteien zesumme en Opruff lancéiert, fir den Opbau vun enger europäescher Verdeedegungsunioun ze lancéieren. Fir si dierf een elo net méi waarden an d'EU-Memberlänner missten elo séier handelen. D'Marie-Agnes Strack-Zimmermann, Presidentin vun der Verdeedegungskommissioun am Europaparlament, huet dëse Message um Donneschdeg zu Bréissel däitlech gemaach an dobäi betount: "Mir ruffen d'Regierungen op, elo ze handelen.” Fir dëser Fuerderung weider Drock ze ginn, huet sech eng Grupp vun 30 Deputéierten aus véier Fraktiounen zesummegedoen.
An engem Schreiwes, dat am Kader vum Europadag publizéiert soll ginn an dat der scho AFP virläit, ginn d'Haaptfuerderunge kloer gestallt: eng gemeinsam Entscheedungsstruktur, integréiert Kommandostrukturen, strategesch Fäegkeeten an eng séier europäesch Interventiounstrupp. Esou eng Verdeedegungsunioun soll net d’NATO doubléieren, mä mat enger staarker europäescher Sail d'Allianz zousätzlech stäerken.
Momentan sinn 23 EU-Länner och Memberen an der NATO. Trotz Efforte fir méi europäesch Verantwortung bleift d'Allianz staark ofhängeg vun den USA, besonnesch wat d'Kommandostrukturen ugeet. Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte huet rezent nach emol betount, datt hien der Meenung ass, datt déi europäesch Memberstaaten ouni d'USA sech net verdeedege kéinten.
D'Parlamentarier wëlle géint dës Ofhängegkeet virgoen. Si gesinn eng gemeinsam europäesch Beschafungspolitik an e reelle Bannemaart fir d'Verdeedegung als Schlëssel. Doduerch kéinten d'EU an hir Memberstaate Sue spueren an déi auslännesch Ofhängegkeet bei Waffen an anerem militäreschem Equipement reduzéieren.
De russesche Krich an der Ukrain, dat méi aggressiivt Optriede vu China an déi onberechenbar Positioune vun den USA féieren dozou, datt d'EU-Staaten an och d'Kommissioun sech eens sinn, datt Europa seng eegene Kapazitéiten, fir sech ze verdeedegen, muss stäerken. Awer national Interessie stinn enger gemeinsamer Léisung aktuell dacks am Wee, esou d'Kritik vun der FDP-Politikerin Strack-Zimmermann. Mat dëser Initiativ wëll een den Drock op d'Regierunge vun den eenzele Memberlänner erhéijen. Dofir schafft een och mam EU-Kommissär fir d'Defense Anrij Kubilius zesummen.
Op laang Siicht gesinn d'Parlamentarier, déi d'Schreiwes ënnerschriwwen hunn, eng europäesch Kommandostruktur vir, déi u kee bestëmmt Land gebonnen ass. Am Ufank awer solle sech e puer Länner zesummesetzen, fir ze klären, wéi esou eng Struktur kéint ausgesinn. Um Schluss vum Prozess soll dann d'Kreatioun vun enger europäescher Arméi stoen.
D'Grupp vu Parlamentarier aus Konservativen, Liberalen, Sozialdemokraten a Gréngen hofft, an den nächste Wochen nach weider Deputéiert mat an d'Boot ze kréien. De Lukas Sieper vun der däitscher Partei vum Fortschrëtt huet ënnerstrach: “Mir mussen eng europäesch Verdeedegungsunioun opbauen – an dat elo!”