E Sonndeg gëtt an Däitschland gewielt, méi genee a Rheinland-Pfalz, wou Landtagswahlen um Programm stinn. Nieft dem Saarland ass Rheinland-Pfalz dat zweet Bundesland, dat direkt u Lëtzebuerg grenzt an dat vun der Gemeng Wäiswampech ganz am Norde bis op Réimech am Süden. De Marc Hoscheid huet beim Buergermeeschter vu Bitburg nogefrot, wéi d’Stëmmung bei eisen däitschen Noperen ass a wat ee vun de Grenzkontrollen hält.
20 Kilometer vun Iechternach ewech läit Bitburg mat senge 15.000 bis 16.000 Awunner. Déi kleng Stad ass wéinst hirer Brauerei zwar wäit iwwert d’Grenze vu Rheinland-Pfalz an esouguer vun Däitschland eraus bekannt, ma d’Stëmmung ass awer éischter beschaulech. Wien e bëssi duerch Bitburg trëppelt, deem falen natierlech déi obligatoresch Walplakater laanscht d’Stroossen, virop un de Luuchtepottoen, op. Dem Bitburger Buergermeeschter Heiko Jakobs no kann een zwar bis elo net vun enger politiséierter Stëmmung schwätzen, ma trotzdeem géing eng gewëss Spannung an der Loft leien.
“Die Landtagswahl findet glaube ich in den Köpfen der Menschen immer erst kurz vor der eigentlichen Wahl statt. Natürlich wird auf eine Landtagswahl auch immer sehr bundespolitischer Frust abgeladen. Insofern bleibt dann abzuwarten, ob diese Rechtstendenz, die wir im Moment bundesweit erkennen, auch im Bundesland Rheinland-Pfalz Niederschlag finden wird.”
Ee vun de Sujeten, déi am Walkampf eng wichteg Roll spillen, ass nieft der Bildung an der Mobilitéit, d’Migratioun. Fir déi illegal Migratioun an de Grëff ze kréien, huet Däitschland scho virun e puer Joer nees Grenzkontrollen agefouert. Un der Grenz mat Lëtzebuerg war dat am September 2024 de Fall, rezent gouf dës Mesure bis September dëst Joer verlängert. Den Heiko Jajobs huet Versteesdemech dofir, datt een déi Kontrollen am Grand-Duché kritesch gesäit. Sollt sech dann déi nei rheinland-pfälzisch Landesregierung zu Berlin dofir asetzen, déi Kontrollen nees ofzeschafen?
“Unser Ministerpräsident Schweitzer ist ja da auch schon sehr aktiv unterwegs und bringt die Situation hier bei uns im Grenzbereich auch in die Bundespolitik ein. Und so hoffe ich zumindest, dass wir über kurz oder lang hier tatsächlich ein Ende der Kontrollen finden und eine Möglichkeit finden, den freien Warenverkehr fließen zu lassen.”
Et sief ernimmt, datt den Heiko Jakobs an den Alexander Schweitzer allebéid an der SPD sinn. Wéi wichteg oppe Grenze sinn, géing d’Beispill vun enger englescher Entreprise weisen, déi elo op Bitburg komme wëll, well se nom Brexit nees Accès zum europäesche Bannemarché kréie wëllt.
Déi oppe Grenze suergen awer och dofir, datt vill Däitscher op Lëtzebuerg schaffe ginn. Dat ass zwar positiv fir deen Eenzelen, deen am Grand-Duché méi verdéngt, mee negativ fir d’Keese vun den däitsche Gemengen.
“Wir haben mal eine Kostenschätzung gemacht, dass uns pro Jahr etwa netto 500.000 Euro an Steuereinnahmen als Anteil an der Einkommenssteuer verloren gehen, die eben nicht auf deutscher Seite sondern in Luxemburg gezahlt werden. Das ist sage ich mal die negative Seite der Medaille, auf der anderen Seite haben wir natürlich durch die höheren Löhne in Luxemburg in der Stadt Bitburg und im Umland auch eine höhere Kaufkraft, auch durch die Menschen, die von Luxemburg nach Bitburg zum Einkaufen kommen.”Et géing dann och keng Animositéite vis-à-vis vu Lëtzebuerg. Zu Bitburg wunnen iwwregens eng 235 Lëtzebuerger, déi sech dann och gutt integréiert hätten.
E Freideg den Owend géint 17.40 Auer kucke mir an engem anere Reportage nach eng Kéier op d’Walen a Rheinland-Pfalz. Déi Kéier mam Johannes Reuschen, dem Buergermeeschter vun der Verbandsgemeinde Prüm.