Chaos wéinst Schnéi an ÄisAn Norddäitschland fuere bal keng ICE-Zich méi

AFP, iwwersat vun RTL
Den Zuchverkéier ass an Norddäitschland och um Samschdeg nach staark wéinst dem Wanterstuerm "Elli" ageschränkt.
Der Bahnverkehr in Norddeutschland ist infolge des Wintersturms "Elli" weiterhin stark eingeschränkt. Die meisten Fernverkehrsverbindungen der Deutschen Bahn werden weiterhin nicht bedient und sollen erst am Sonntag wieder aufgenommen werden.
De Wanterstuerm “Elli” huet Däitschland weiderhi fest am Grëff.
© AFP

Déi meescht wäit Verbindunge vun der Deutschen Bahn gi weiderhin net befuer a wäerten eréischt e Sonndeg nees disponibel sinn. Besonnesch ronderëm Hannover a Schleswig-Holstein ginn et déi meescht Probleemer duerch de ville Schnéi, deen op de Schinne leie bleift. Et misst ee sougenannten Opraum- an Exploratiounsfaarte maachen. Vill Weiche wieren agefruer a blockéiert.

Zanter e Freidegnomëtteg fueren am Norde quasi keng ICE-Zich méi. Den Zuchverkéier wéi gehofft schrëttweis nees opzehuelen, war nach net méiglech. Just d’Verbindung vun Hamburg iwwer Bremen op Osnabrück an Nordrhein-Westfalen a Frankfurt konnten e Samschdeg de Mëtteg gefuer ginn, aner wäit Strecke musse bis e Sonndeg waarden.

Donieft waren awer och sëllege Regionalzich betraff, besonnesch an Niedersachsen a Schleswig-Holtstein. Et ass och weiderhin op ville Plaze mat Retarden an Ausfäll ze rechnen.

Back to Top
CIM LOGO