
Am Joer 2025 goufen am Ganzen 2.927 erluecht Wëllschwäi wéinst ze héijer Stralebelaaschtung vernicht. Dat geet aus Zuele vum däitsche Bundesverwaltungsamtes ervir.
Betraff sinn deemno Bayern, Baden-Württemberg, Rheinland-Pfalz, Thüringen a Sachsen. Déi meescht Fäll goufen a Bayern registréiert. D’Zuel geet awer zréck: 2024 gouf et bundeswäit 3.099 verstraalt Wëllschwäin, 2022 souguer 7.539. Jeeër kréien an Däitschland en Ausgläich fir verstraalt Wëld bezuelt - 204,52 Euro fir ausgewuesse Wëllschwäin an 102,26 Euro fir Klenger.
Réi sinn nëmmen nach seele betraff. A Bayern goufe fir d’lescht 2023 véier Déiere mat enger Stralebelaaschtung iwwer dem Grenzwäert vu 600 Becquerel pro Kilogramm registréiert, 2020 waren et 15.
Cäsium-137 huet eng Hallefwäertszäit vu ronn 30 Joer. “Souguer gesammelt Champignonen a Wëld, dat sech vu Planzen a Champignonen aus dem Bësch ernäert, kënnen dowéinst och haut nach däitlech erhéicht Cäsium-Wäerter opweisen, esou eng Spriecherin vum Bundesamt fir Straleschutz.
Besser géing et op landwirtschaftleche Flächen ausgesinn. “An Äckerbuedem ass de Cäsium un Tounminerale gebonnen. Dowéinst kënnen d’Planzen et net oder nëmmen a ganz gerénge Quantitéiten iwwer d’Wuerzelen ophuelen”, esou d’Spriecherin weider. Liewensmëttel aus der Landwirtschaft géingen dowéinst iwwerall an Däitschland esou gutt wéi keen Cäsium-137 enthalen.