Wéi d'Police op d'Plaz koum, wou e Mann d'Membere vu senger Famill erschoss hat, war de presuméierten Täter scho geflücht. Séier awer hunn d'Beamten hie konnten identifizéieren an an der Géigend vun enger Foussgängerbréck beim Mississippi lokaliséieren. Wéi d'Polizisten hie confrontéiere wollten, huet de Mann sech d'Liewe geholl, heescht et an engem Statement vun der Police.
Aktuellen Ermëttlungen no sinn d'Schëss no engem Sträit am Stot gefall. Wat awer genee virun dëser grausamer Dot virgefall ass, konnt ee vun offizieller Säit nach net soen. Eenzeg huet et nach géintiwwer vu Reportere geheescht, datt den Täter der Police bekannt gewiescht wier. Aus wéi enge Grënn dat de Fall ass, gouf oppe gelooss.
Wéi e Reporter vun ABC mellt, wieren op d'mannst zwee Kanner ënnert den Doudesaffer.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu