Onzefridde mam PatronPersonal vun Decathlon streikt e Samschdeg

Maxime Gillen
Ënnert dem Slogan "Eis Paie virun den Dividenden" protestéiert d'Personal vun de Butteker a Frankräich fir Lounerhéijungen a besser Aarbechtskonditiounen.
Eng Filial vun Decathlon
Eng Filial vun Decathlon
© MARCIN GOLBA/NurPhoto via AFP

Bei Decathlon annoncéiert sech a Frankräich eng éischte Kéier e Streik. D'Gewerkschaften hu fir e Samschdeg zu Protestaktioune beim Sportartikelhändler opgeruff. Si fuerdere méi héich Paien a besser Aarbechtskonditiounen.

"Eis Paie virun den Dividenden", esou de Slogan vun de Syndikater. Decathlon hat zejoert e Gewënn vun 910 Milliounen Euro gemaach. Dat war eng Hausse vu 16 Prozent bannent engem Joer. Den Ëmsaz war ëm véier Prozent op knapp 17 Milliarden Euro geklommen.

Gläichzäiteg ass d'Personal ëmmer méi onzefridden. D'Belaaschtung, fir gesaten Ziler z'erreechen, géif all Dag méi grouss ginn an iwwerall géif et u Personal feelen, esou de Reproche. Gläichzäiteg géif sech ënnert dem Afloss vun der Inflatioun d'Kafkraaft vun de Beschäftegte verschlechteren. Enn Mee hate ronn 1.400 Salariéen eng Petitioun ënnerschriwwen, an där se hirem Patron virgeheien, Gewënn "um Réck vun den Ugestallten" ze maachen.

Decathlon gëtt et zanter 50 Joer an huet an 82 Länner eng 1.900 Filiale mat knapp 103.000 Beschäftegten. A Frankräich sinn et 324 Butteker, déi vum Streik wäerte betraff sinn.

Back to Top
CIM LOGO