Berlin20 Blesséierter, dorënner dräi schwéier, nodeems Stroossebunn entgleist

RTL Lëtzebuerg
Am Berliner Bezierk Lichtenberg koum et en Dënschdeg zu engem Accident mat enger Stroossebunn, bei deem et eng ganz Rei Blesséierter gouf.
© ODD ANDERSEN/AFP

Wéi et vun den zoustännege Pompjeeën heescht, wiere beim Accident insgesamt 20 Persoune verwonnt ginn. Dorënner wiere 17 Liichtblesséierter, dräi Persoune goufe schwéier verletzt. 12 Leit hu mussen an d'Spidol. Wéi et zur Ursaach vum Accident heescht, wier den Tram an enger Kéier géint e Stroummast gerannt, woubäi en Deel vu senger rietser Säit opgerappt gouf. De leschte Waggon wier dunn aus dem Gleis gesprongen. D'Pompjeeë ware mat ronn 60 Leit am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO