Preparatioune fir e grousse ChantierOp der Aire de Berchem ginn aktuell Signalisatiounspanneaue fir d'A3 virmontéiert

Kevin Kayser
Domingos Oliveira
Dem aktuelle Plang vun de geplangte Chantieren no wäerten d'Schëlder Enn Mee iwwer d'Diddelenger Autobunn opgeriicht ginn.

Um Deel um Schluss vun der Diddelenger Autobunn, dee jo an de leschte Joren neigemaach gouf a wou de Chantier nach net fäerdeg ass, feelt aktuell nach d’Beschëlderung. Dës hätt u sech scho sollten am Mäerz 2025 montéiert ginn.

Fir dëst ze änneren, lafen aktuell op der Aire de Berchem verschidde Virbereedungen. Hei ginn dës Schëlder nämlech grad virmontéiert. Dono solle se RTL-Informatiounen no mat engem Spezialtransport op d’Plaze bruecht an do och installéiert ginn. Fir dëst ze realiséieren, wäert awer e groussen Deel vun der Autobunn fir den Trafic musse gespaart ginn.

Um Site vu Ponts et Chaussées ass ze liesen, datt e Freideg de Moien d’Pottoe fir dës Installatiounen op der A3 a Richtung Metz wäerten installéiert ginn. Dëst ass virgesi vu moies um 5 bis mëttes um 13 Auer. A Richtung Stad ass de Chantier an der Nuecht vum 16. op de 17. Mäerz virgesinn, dat vu 17 bis 4 Auer. D’Pannoe selwer sollen de geplangte Chantieren no awer eréischt am Mee installéiert ginn. Hei huet Ponts et Chaussées aktuell de Weekend vum 22. bis de 26. envisagéiert, fir d’Aarbechten ze maachen. Dowéinst wäert d’Autobunn dann och tëscht dem Beetebuerger Kräiz an dem Gaasperecher Kräiz a béid Richtunge gespaart ginn. D’Deviatioune sollen iwwer d’A13, d’A4 an d’A6 lafen.

Back to Top
CIM LOGO