Fueskichelchen, Verwurrelter, Maisercher oder Nonnefäscht Wéi nennt Dir d'beléifte Fues-Gebäck a wéi gi se bei Iech doheem gemaach?

Fabienne Zwally
D'Fuesent ass offiziell eriwwer an de Wanter verbrannt. Eppes kritt een awer weiderhin: Fueskichelcher.
Wéi nennt Dir d'beléifte Fues-Gebäck a wéi gi se bei Iech doheem gemaach?
D’Fuesent ass offiziell eriwwer an de Wanter verbrannt. Eppes kritt een awer weiderhin: Fueskichelcher.

An de meeschte Bäckereien a Supermarchéë kritt een och nom Buergbrennen an dat nach bis op d’mannst bis Halleffaaschten nach Fueskichelcher. Beléift bei Kleng a Grouss maachen déi fluffeg Bullen aus Deeg, egal a wéi enger Form, Freed um Kaffisdësch. Déi meescht kenne se als Verwurrelter oder ganz einfach als Fueskichelchen. Ma net jidderee versteet dat selwecht drënner oder nennt se d’selwecht.

Egal ob Trëtz, Knuet oder Berliner, d’Basis vum Deeg bleift déi selwecht. Ma wat verstinn eigentlech déi meescht Leit ënnert engem Fueskichelchen? Déi Fro huet och Dr. Nathalie Entringer sech gestallt. Si fuerscht iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch an huet erausfonnt, dass et een Iwwerbegrëff géif ginn, nämlech de Fueskichelchen. Dat koum bei hirer Ëmfro eraus, wou si d’Leit just nom Numm vun engem x-belibege Kichelche fir d’Fuesent gefrot huet.

Iwwer 50 Prozent vun de Leit hu Fueskichelchen uginn. Ma et hätten der vill och nach en zweete Begrëff dozou ginn. Entweder Verwurrelter, e Knuet oder Maisercher oder Mauzen. Ma dat wieren awer éischter kleng ronn Bullen aus Deeg.

D’Nonnefäscht wier och nach e Begrëff dofir, ma déi sinn awer aus dem selwechten Deeg gemaach wéi Eclairen a géifen haut och manner an de Bäckereie gemaach ginn. Dat wier éischter eppes, fir selwer doheem ze maachen, well een den Deeg eenzel mat de Fangere misst an d’Fett fale loossen an dat einfach ze vill Zäit géif huelen, erkläert eis den Nico. Hien ass Bäcker beim Jos a Jean-Marie a verréit eis d’Geheimnis fir d’Fueskichelcher.

Hief jo, ma net ze vill an dofir bréicht een awer genuch Gedold, well den Deeg misst op d’mannst eng Stonn opgoen an nom Formen och nach eemol zwou Stonnen. De Botter och net direkt dobäi ginn, ma eréischt an der Hallschent vum Knieden. Beim Fett, wou se dra gebrode ginn, soll een eng Temperatur vun 170 Grad hunn an och Schmant, wéi fréier bei der Bomi, géif zu engem ideale Resultat bäidroen.

Doriwwer, wou et zu Lëtzebuerg déi bescht Fueskichelcher gëtt, hu mir Iech ofstëmme gelooss. D’Resultatet fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO