RTL-Readers' Choice - Bescht Fueskichelcher"Lampecher Buttek", "Beim Bäcker Jos" an d'Bäckerei "Schiltz" sinn eis Gewënner

David Winter
Mir hunn nees gefrot, Dir hutt eis är Meenung gesot. Hei sinn Är Top 10 Plazen hei am Land, op deenen een déi beschte Verwurrelter kritt.
© RTL

Op Liichtmëssdag, also den 2. Februar, huet zu Lëtzebuerg dëst Joer d’Fueszäit ugefaangen. Dat heescht fir d’Fans vun dëser Zäit virun allem sech verkleeden, op Fester goen a feieren. Kulinaresch gesi kënne sech awer och Leit freeën, déi net onbedéngt a Feierlaun sinn, dofir awer gären emol eppes Séisses iessen.

D’Fueskichelcher, oder Verwurrelter, gehéieren zënter laangem zu enger fester Traditioun am Grand-Duché. Texter aus dem fréien 20. Joerhonnert beleeën, dass dës séiss a beléifte Bak-Traditioun wäit iwwer 100 Joer al ass a bis haut bei de meeschte Leit immens beléift ass.

Et war also just eng Fro vun der Zäit, wéini de Fueskichelchen et och eng Kéier bei eis an de Readers’ Choice packt.

Mir hunn d’Stëmmen ausgezielt, hei sinn är Top 10 Plazen, fir zu Lëtzebuerg e puer gutt Fueskichelcher ze genéissen!
All d’Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert. Iwwer 1.000 Persounen hu bei der Ëmfro matgemaach.

Readers’ Choice Top 10: Beschte Fueskichelcher zu Lëtzebuerg

Plaz 1: APEMH - Lampecher Buttek zu Lampech

Ouverture vun der Bäckerei: 2024
Adresse: 88-94 Rue de Soleuvre, 4499 Limpach Reckange-sur-Mess
Kontakt: 285608321
Online: Offizielle Site

Mam Buttek an der Biscuiterie, déi am Joer 2024 d’Dieren zu Lampech opgemaach hunn, gouf de rezentsten Atelier vun der Struktur vun der APEMH opgemaach. Virdrun hat een och schonn aner Produktiounsatelieren, wéi eng Gäertnerei oder e Bauerebetrib. Mat der Biscuiterie huet een elo eng ganz nei Erfarung an Ugrëff geholl, sou d’Carine Schreiber, Chargé de direction vum Site vun der APEMH zu Lampech: “Et war déi éischte Kéier, dass mer eis an eng Bäckerei, respektiv an eng Biscuiterie lancéiert hunn a mir schaffen och just am Dag. Dat ass ganz wichteg, well mir funktionéieren anescht, wéi eng ‘normal’ Bäckerei.” Bei der APEMH gëtt d’Inclusioun nämlech grouss geschriwwen, déi betreite Mataarbechter an der Struktur vun der APEMH sollen hei mat integréiert ginn. An dat klappt, wéi et ausgesäit exzellent, vue dass d’Biscuiterie eise Lieser no déi Plaz ass, wou een déi beschte Fueskichelcher kritt.

Fir dass alles gutt klappt, ass d’Biscuiterie gréisstendeels just am Dag aktiv, dat vu moies 9 Auer bis owes 17 Auer, fir hei och kënne mat de betreite Mataarbechter optimal kënnen ze schaffen. Leit, déi an der APEMH sinn, si Leit, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn an hunn dofir Problemer um Niveau vu beispillsweis dem Verhalt oder der Koordinatioun. Dofir goufen d’Rezepter vereinfacht, fir dass sou d’Personal ouni Problem d’Aarbechtsschrëtt novollzéien an duerchféiere kann: “Mir verlaangen net, dass een de ganze Prozess ka maachen, dass ee muss e ganze Kuch baken. Mir hu vläicht een dee kann ofweien, en anere kann de Grammage afëllen... Also mir probéieren d’Leit sou anzesetzen, dass se dat maachen, wat se kënnen. Sou gëtt jiddereen an den Aarbechtsprozess geziilt agebonnen.”

Dass dat och bei de Fueskichelcher klappt, déi jo saisonal gebak ginn, betount och de Roger Gretsch, Responsabele vum Buttek an der Biscuiterie zu Lampech: “Si hunn do extra Rezepter a liichter Sprooch geschriwwen, wou si dann och selwer kënnen domadder eens ginn. Da muss ee just heiansdo kucken, ob alles gutt ass, méi net.” En Hëllefsmëttel, mat deem beispillsweis geschafft gëtt, si sougenannten “Ampel-Woen”, also Woen, déi op Gréng sprangen, wann dat richtegt Gewiicht erreecht gouf. Et muss ee kloer Usoe maachen, well virun allem d’Ofweie beim Baken natierlech essentiel wichteg ass an exakt muss sinn.

Dass dat méi wéi gutt klappt, weisen déi trei Clienten, déi all Dag an de Buttek op Lampech kommen, sech hir Kichelcher an hire Kaffi schmaache loossen an natierlech och elo an der Saison fläisseg Fueskichelcher kafen. Eng éischt Plaz am Readers’ Choice kënnt net vun näischt, an och an der aktueller Editioun ass dës Plaz nees méi wéi verdéngt. Gratulatioun un eis Gewënner, wien nach dëst Joer déi lecker Kniet wëll probéieren, dee muss sech fläissen, well d’Saison geschwënn eriwwer ass.

Plaz 2: Beim Bäcker Jos zu Sëll

Ouverture vun der Bäckerei: Februar 2016
Adress: 14A Haaptstrooss, 7470 Saeul
Kontakt: 26622444
Online: Op Facebook

Weider dann op Sëll bei de Bäcker Jos, eng kleng Eenzel-Bäckerei, wou mir op d’Mataarbechterin Conny Moos gestouss sinn, déi zënter November 2023 am Betrib schafft an och virdru seng Ausbildung do gemaach huet. “Stoffien” maachen, sou wéi d’Fueskichelcher am méi nërdlechen Deel vum Land genannt ginn, wiere vum Opwand hier vill Aarbecht, deels souguer méi, wéi Brout, Baguetten oder Mëtschen, virun allem wärend der Fuessaison: “Et ass vill Opwand, dat ass wouer, mir benotzen enorm vill Ueleg, mat Entretien ass dat einfach nach eemol en anere Level. Mä et ass e ‘Must’ an der Saison vun der Fuesent”, sou d’Conny Moos.

Den Deeg, deen an der Bäckerei Jos gemaach gëtt, ass en normale Beignetsdeeg, deen dann am Ueleg frittéiert gëtt, bis en ebe seng schéi gold-brong Faarf kritt. Anescht wéi bei de Stoffien, och nach als ‘Quarkbällecher’ am däitsche Raum bekannt, ginn d’Fueskichelcher ouni Stoffi, also Quark, gemaach.

De Grond vun der exzellenter zweeter Plaz erkläert ee sech bei der Bäckerei zu Sëll ganz einfach esou: “Eis Fueskichelcher sinn einfach immens gutt, ech hu se selwer och enorm gären. Et ass mengen ech déi ganz Léift déi mir an eis Stoffien a Fueskichelcher stiechen, de ganze Savoir-Faire vun eise Bäckeren, den Ënnerscheed, dass mir en artisanale Bäcker sinn… Fir mech mécht dat einfach den Ënnerscheed.”

All Owend ginn d’Fueskichelcher an d’Stoffien dann och vu Grond op frësch gemaach, “e Must”, sou d’Conny Moos, well se dann am beschte schmaachen, och wa se natierlech nach een oder zwee Deeg gutt sinn. Ma anescht wéi de Berliner, deen emol méi exotesch Fëllunge kann hunn, wéilt een de Fuesknuet dann awer net veränneren, ma a senger traditioneller Form loossen. Gratulatioun fir déi gutt 2. Plaz, déi dës Kéier op Sëll geet.

Plaz 3: Boulangerie Pâtisserie “Schiltz” zu Gréiwemaacher

Ouverture vun der Bäckerei: 2006
Adress: 26 Rue de Treves, 6793 Grevenmacher
Kontakt: 759475
Online: Facebook-Säit

1979 gouf d’Bäckerei an der Stad gegrënnt, dat vun den Eltere vum Martine Schiltz, der Gerante vun der Bäckerei zu Gréiwemaacher. Et ass e richtege Familljebetrib: De Brudder, den Daniel Schiltz an d’Martine hunn de Betrib iergendwann iwwerholl a féieren deen elo weider. Mat Succès wéi et schéngt. De Verkaf zu Gréiwemaacher am Buttek gëtt et elo schonn zënter 2006, also ronn 20 Joer. D’Bakstuff ass direkt vis-à-vis vum Buttek a gëtt et souguer schonn zënter 1994. Iwwregens fënnt een och nach e Buttek zu Nidderaanwen.

Iwwert d’Noriicht, dass d’Bäckerei Schiltz op déi gutt 3. Plaz gewielt gouf, war d’Martine Schiltz iwwerrascht an natierlech immens frou: “Et ass ëmmer schéin ze héieren, well et mécht een dat jo gären. D’Clientë komme gären heihinner an hunn eis Wuere gären. Dat ass immens schéin.”

Näischt kënnt aus der Fabrik, alles ass handgemaach. Dat kéint ganz kloer ee Grond sinn, wisou sou vill Leit hir Stëmm bei dëser Editioun vum Readers’ Choice un d’Bäckerei Schiltz ginn hunn, mengt d’Gerante selwer. Gutt Produkter, bei de Fueskichelcher beispillsweis vollwäertege Botter, géifen den Ënnerscheed maachen. Eng Bäckerei verréit natierlech ongär Secreten, ma d’Martine Schiltz huet dann trotzdeem e klengen Tipp: “D’Fett an deene se gebak ginn, dierf net ze waarm sinn, se musse schéin zaart bleiwen an och net ze séiss sinn. Mir benotzen dann och Hief bei eise Fueskichelcher. D’Mëschung mécht et.”

De richtege Mix fënnt een op alle Fall zu Gréiwemaacher wéi et schéngt, déi 3. Plaz geet dohier verdéngt un d’Bäckerei Schiltz.

Plaz 4: Boulangerie-Pâtisserie Steil Sylvain zu Réiser

Adress: 58 Grand-Rue, 3394 Roeser
Kontakt: 367579

Plaz 5: Jos et Jean-Marie artisan passionné *

Adress: 57 Rte d’Arlon, 7415 Brouch
Kontakt: 26610393
Online: https://www.jjm.lu/

Plaz 6: Boulangerie-Pâtisserie Kremer zu Hollerech

Adress: 11 Bd Pierre Dupong, 1430 Hollerich Luxembourg
Kontakt: 441496
Online: Offizielle Site

Plaz 7: Boulangerie Fischer *

Adress: 42 Rue Grande-Duchesse Charlotte, 7520 Mersch
Kontakt: 327154
Online: Offizielle Site

Plaz 8: Pâtisserie Hoffmann *

Adress: rue de Colmar-Berg, 7525 Mersch
Kontakt: 325707
Online: Offizielle Site

Plaz 9: Boulangerie-Pâtisserie Jeitz zu Konsdref

Adress: 7 Rte de Luxembourg, 6210 Consdorf
Kontakt: 790040
Online: Facebook

Plaz 10: Pâtisserie Engel zu Schëffleng **

Adress: 32 Av. de la Libération, 3850 Schifflange
Kontakt: 548043
Online: Facebook

Plaz 10: Oberweis *

Adress: ZAE Op Herbett, 3885 Schifflange
Kontakt: 2761431
Online: Offizielle Site

* Bei dëse Bäckereien handelt et sech ëm gréisser Chaînen, déi e puer Filialen hunn. Hei (wéi bei anere Bäckereien och) goufen d’Stëmmen all zesummegezielt, well de Produit an de Filialen ëmmer dee selwechten ass, also aus enger “Zentral” kënnt. D’Fotoen goufen an deene Fäll all Kéiers bei enger zoufälleg ausgewielter Filial gemaach.

** Platz 10 ass zweemol present, well béid Bäckeren déi exakt selwecht Unzuel u Stëmme kritt hunn

Hei alleguerten eis Readers’ Choice-Artikelen op ee Bléck!

LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Pizza
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte Kebab
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte Sushi
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte portugisesche Restaurant
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Kniddelen
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht vegetarescht/vegaant Iessen
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Glace
LINK: RTL-Readers’ Choice - Bescht Bouchée à la Reine
LINK: RTL-Readers’ Choice - Beschte Burger

Back to Top
CIM LOGO