Picadilly 2019Op der Musel ass alles bereet
Vun haut u bis e Sonndeg ass zu Stadbriedemes nees den traditionellen "Picadilly". Hei gëtt Villes gebueden, och fir Famillen.
VIDEO: Op der Musel ass alles bereet fir de Picadilly 2019
Vun haut u bis e Sonndeg ass zu Stadbriedemes nees den traditionellen “Picadilly”. Hei gëtt Villes gebueden, och fir Famillen.
Dat bekannte Wäin- a Wënzerfest zitt jo all Joers erëm Dausende vun Leit aus dem ganze Land un. Dräi Deeg laang gëtt hei laanscht d’Musel gefeiert a geprost: En Evenement mat enger grousser Organisatioun.
Fir den Optakt vum Picadilly 2019 kucke mer mat de Responsabele vum Syndicat d’Initiative Stadbriedemes, wéi ee sech virbereet huet, wat d’Leit dëst Joer erwaart a wei ee fir all Wiedersituatioun gerëscht ass.
E puer flott Foto-Impressioune vum leschte Joer:
© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann
© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann
© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann
© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann
© RTL Télé Lëtzebuerg / Luc Rollmann
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
FOTOGALERIE: Piccadilly Dag 1 vum Johny Pleimling
FOTOGALERIE: Piccadilly Dag 2 vum Johny Pleimling