Centre d'accueil Norbert EnschGrande-Duchesse op Besuch bei jonke Fraen a Familljen
E Méindeg war d'Grande-Duchesse op Besuch zu Conter am Centre d'accueil Norbert Ensch. Do ënnerstëtzt si jonk schwanger Fraen an elengerzéiend Elteren.
Wéi den Haff matgedeelt huet, war d’Grande-Duchesse op Visitt bei de Gruppe “Zoé” a “Yua”, Strukturen, an där jonk Meedercher, mannerjäreg Mamme mat hire Kanner, jonk schwanger Fraen an och elengerzéiend Elteren Hëllef kréien an accompagnéiert ginn.
Am Kader vun dëser Visitt, soll en neie Projete vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse an Zesummenaarbecht mat den Ekippe vum Centre d’accueil lancéiert ginn. D’Grande-Duchesse wollt sech deemno am Virfeld iwwer den dacks schwéiere Parcours vu munche jonke Frae informéieren.
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
© Cour grand-ducale / Marion Dessard
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
De Centre d’accueil Norbert Ensch gouf vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an d’Liewe geruff, vun deem d’Grande-Duchesse zanter 2005 Presidentin ass.