
Den Anäis gëtt zanter Dausende vu Joer benotzt - net nëmme fir ze kachen, mee och als Heelplanz. Säi klenge, brong-grénge Som huet en intensiven, séissleche Gout, deen e bëssen u Lakritz erënnert. Mir schwätzen hei vum „gewéinlechen“ Anäis – net vum Stäranais, dee vill méi staark ass a vun enger ganz anerer Planz kënnt. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:
Et ass eng längelzeg, reng Planz mat engem klenge wäisse Kapp. A wann déi dann dréchent, bleift de Som herno iwwreg, wéi dat esou klassesch ass bei Planzen, dat ass dann effektiv eisen Anäis-Som. Dee gëtt relativ iwwerall an einfach ugebaut, et gëtt en och a Mëtteleuropa, Südeuropa, Nordafrika an Asien. Hei an der Géigend, a Südtirol. Vläicht erënnert een sech dass dacks an deene Géigenden esou Brout gebak gëtt mat Anäisgoût, wat och ganz lecker ass a mengen Aen. Anäis ass also eppes wat ee scho relativ wäitleefeg op der Welt fënnt.
An der Kichen ass den Anäis immens villsäiteg. Hien passt perfekt a Kichelcher, Brout oder Kuchen. A ville Kulturen ass en och net ewechzedenken aus Gedrénks: zum Beispill an Anäisschnapsen, déi hire charakteristesche Gout grad dësem Gewierz verdanken.
Den Anäis enthält ganz vill Anethol, dat ass en äthereschen Ueleg, e gëtt ganz vill genotzt fir Likören ze maachen, do hu mer zum Beispill ganz bekannt, de Sambucca, Raki, Pastis. Den äthereschen Ueleg, deen do dran ass, deen ass och herno verantwortlech, dass sech d’Gemësch mat Waasser esou dréif entwéckelt, dat ass d’Liicht, wat dann anescht gebrach gëtt, wou den äthereschen Ueleg dann esou mëllechzeg gëtt.
Mee Anäis kann nach méi: An der salzeger Kichen gëtt en heiansdo benotzt, fir Fleeschgeriichter oder Fësch eng speziell, liicht séiss Note ze ginn.
Ee vun deene bekanntste Rezepter ass natierlech an der Bouillabaisse, do huet en seng fest Plaz, well dat och e bëssen dee mediterrane Goût ënnersträicht, dann gegrillte Fësch, awer och roude Kaabes an en ass och ganz gutt - an do si mer erëm bei deene Gewierzer, déi een net direkt erkennt, mee déi dofir do sinn, dass d’Plate besser verdaulech sinn - an deftege Lënsegerichter, wou dacks an der indescher Kichen den Anäis ganz vill agesat gëtt, dass et besser bekëmmlech ass, och bei héijen Temperaturen.
Nieft sengem Aroma huet den Anäis also och e gudde Ruff an der Naturmedezinn. En ënnerstëtzt net nëmmen d’Verdauung, ma hëlleft och bei Erkältungen, wou en eng schläimléisend a berouegend Wierkung huet - zum Beispill als Téi. Dofir gëtt Anäis och dacks a Kombinatioun mat anere Planzen agesat, wéi Fenchel oder Kümmel.