
Zanter Dausende vu Joren huet Salz eng wichteg Roll gespillt - net nëmme beim Kachen, mee och an der Geschicht. Et war esou wäertvoll, datt et fréier esouguer als Bezuelmëttel gedéngt huet. Vun do kënnt och den Ausdrock: „säi Salz wäert sinn“.
Mee wat mécht Salz eigentlech esou speziell? De Spëtzekach Pit Wanderscheid:
Salz ass eppes ganz Wichteges fir eis Nervefunktioun, fir eis Muskelsteierung awer och fir Schilddrüseproblemer virzewierken, dann fir eise Flëssegkeetshaushalt ze kontrolléieren, mir scheeden domat Flëssegkeet aus, d’Salz rengegt also eise Kierper. Ze vill Salz ass awer natierlech och net gutt, dat wierkt sech negativ op de Bluttdrock an op Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen aus an dofir ass e recommandéierten Dosage 5 Gramm pro Dag. Dat ass net vill, dofir muss een eben oppassen - an dat ass ganz wichteg beim Salz - op déi verstoppte Salzer a Fäerdegproduiten an och do hannendrop déi Beschreiwung liesen, fir ze wësse wat ech do u Salz zou mer huelen.
Mee Salz ass net gläich Salz. Et ginn ënnerschiddlech Zorten: rengt Dëschsalz, grafft Mieresalz oder och speziell Varianten wéi Himalaya Salz oder Fleur de Sel. Si ënnerscheede sech net nëmmen an der Textur, mee och am Goût an an der Notzung.
Fleur de Sel ass dat wat sech an deene Salzlagunen a Frankräich als éischt oflagert, beim Dréchnen. Dat heescht, dat kristalliséiert als alleréischt, et gëtt vun Hand ofgeschabt, dat sinn also déi éischt kleng Blimmercher. Dat mécht och de Präis aus, et ass mat 20 bis 40€ de Kilo e richtege Luxusproduit, wa mer dat vergläicht mat normalem Rieselsalz, deem normale Salz wat mer an der Kichen hunn, wat tëscht 1 an 3€ de Kilo kascht.
Richtegt Miersalz ass liicht brongelzeg a klumpt e bësse méi. Raffinéiert Speisesalz huet, ausser dass e bësse Jod derbäi gemaach gëtt, keng wichteg Mineralie méi. Himalayasalz huet en douce, liicht séissleche Geschmachsprofil a wierkt manner schaarf wéi raffinéiert Salz.
D’Himalayasalz, dat kennt een eben och aus der Wellnessindustrie - wie kennt net déi bekannte Salzluuchten - dee roude Steen aus dem Pakistaneschen Himalayagebirge, wat duerch Mineralien an Eiseréckstänn déi liicht roudelzeg Faarf huet, ass och e super Gewierz an dat kann een och an der leschter Minutt nach op e Plat drop rappen. Mat enger klenger Rapp kann een esou e Salzsteen - dat huet een an deem engen oder anere Buttek schonn mol gesinn - an der leschter Minutt op e Büffteck rappen. Och dat Salz ass awer éischter e Salz fir ze finaliséieren.
Awer Salz ass net nëmme fir de Goût do. Et spillt och eng wichteg Roll bei der Konservéierung. Scho laang ier et Frigoen gouf, hunn d’Leit Salz benotzt, fir Liewensmëttel haltbar ze maachen - Fleesch, Fësch oder och Geméis. Salz bleift also e Klassiker. Et ass déi kleng Prise, déi aus engem gudde Plat e richteg gudde Plat mécht.