EuropaGrouss Bëschbränn a keen Enn a Siicht, 12.000 Leit am franséische Gironde evakuéiert

Jeannot Ries
Frankräich, Spuenien, Italien: Op ville Plazen am Süde vun Europa hunn d'Pompjeeën et mat schwéiere Bëschbränn ze dinn.
Honnerte Leit flüchte virun neiem Bëschbrand a Südfrankräich
Bannent e puer Stonne ware scho ronn 1.700 Hektar Land an dëser Géigend verbrannt.

Virop am Süde vun Europa kämpfen d'Pompjeeën den Ament géint aussergewéinlech uerg Bëschbränn. Der europäescher Klima-Agence Copernicus no goufen dëse Summer bis elo schonn duebel souvill Hektar Land zerstéiert, wéi soss ëm des Joreszäit.

12.000 Leit evakuéiert - Dorënner och vill Touristen

Wéinst de Bëschbränn am franséische Gironde, si méi wéi 12.000 Leit virsiichtshallwer evakuéiert ginn. Vill dovu sinn Touristen. Dat huet déi zoustänneg Präfektur vu Bordeaux en Donneschdeg de Moie fréi confirméiert. Eleng 5.000 Leit hunn eng Partie Campingen an de Géigende ronderëm Porge a Lège-Cap-Ferret un der Atlantikküst musse raumen. E Feier war eréischt e Mëttwoch ugaangen ass, mä sech ganz séier ausbreet, wier eng eminent Gefor. Bis an de spéiden Owend era ware scho méi wéi 1.400 Hektar verbrannt.

Dramatesche Brand bei Bordeaux

Eleng a Frankräich sinn zanter dem Ufank vum Joer iwwer 42.000 Hektar verbrannt. Dat ass elo scho méi, wéi 2025 dat ganzt Joer. Déi lescht Stonnen huet virun allem a Groussbrand am Departement Var, tëscht Marseille a Cannes, d'Pompjeeën an Otem gehalen. Gedriwwe vun engem schaarfe Mistral. Betraff war ënner anerem déi kleng Uertschaft Cotignac am Hannerland. E puer Honnert Leit goufen an där Regioun evakuéiert. Iwwer 1.000 Pompjeeën a Läschfliger goufe mobiliséiert.

Dramatesch war en Dënschdeg e Feier am Süd-Weste vu Frankräich, direkt beim Flughafe vu Bordeaux-Mérignac. Hei goufen zwee Pompjeeë vu Meter héije Flamen iwwerrascht an déidlech blesséiert.

"Nous avons été avisés à 15H45 pour être précis, de ce qu’il y avait deux sapeurs-pompiers qui étaient décédés dans cet incendie,‘’ esou de Renaud Gaudeul, Procureur vu Bordeaux.

Extreem aggressiv Bränn

Wéi am Fall vu Bordeaux hunn d' Pompjeeën et den Ament mat extreeme Bränn ze dinn, wou d'Feier banne Minutten e grousst Ausmooss kritt. Wat natierlech och extreem Gefore matsechbréngt. De Marc Vermeulen, Directeur départemental vun de Pompjeeën erkläert.

"On a des feux qui sont de plus en plus virulents. En l'occurrence, c’est un feu qui est parti immédiatement en cimes. Vous imaginez des pins de 15 mètres. Vous avez des flammes qui vont être propagées et monter à plus de 20 ou 30 mètres."

Betraff ass de ganze Süde vun Europa

A Spuenien ass et grousse Brand net wäit vun der Haaptstad Madrid ewech, dee sech zanter 5 Deeg duerch eng ausgedréchent Landschaft frësst. Iwwer Nuecht konnten déi ronn 600 Pompjeeën op der Plaz, d'Flamen eng éischt Kéier bremsen. Iwwerdeems brennt et och op der italieenescher Vakanzeninsel Sizilien. Do deet eng weider Hëtztwell d'Temperaturen, gedriwwe vum waarme Scirocco, deen direkt erop aus der Wüüst bléist, op Wäerter iwwer 45 Grad klammen. Experten hunn Erklärungen, firwat d'Situatioun esou ugespaant ass.

Am Wanter an am Fréijoer ass d'Vegetatioun op ville Platzen iwwer duerchschnëttlech gewuess, well et vill gereent huet. Zanterhier huet d'Hëtzt awer d'Gestrëpp ausdréchne gelooss.
‘’Ce n'est pas du tout habituel. C’est même très préoccupant. On est plutôt sur un faciès de végétation de fin d’été, ‘’ sou d0Laure Gautier, Technikerinne bei der franséischer ONF

Op ville Plaze wäert et nach e laange Summer fir d'Pompjee ginn. Mat engem Rot: ''nëmmen net liichtfankeg mam Feier spillen." Dat gëllt och hei am Land. 

Back to Top
CIM LOGO