Är Meenung ass nees gefrotWou kritt een zu Lëtzebuerg déi beschten Nems/Frühlingsrollen?

David Winter
Egal ob Sushi, Burger oder Pasta. Jiddereen huet eng staark Meenung, wann et drëms geet, wou ee sech am beschten zu Lëtzebuerg kulinaresch verwinne léisst.
© RTL

Et gëtt se an alle méigleche Formen a Variatiounen an och d’Nimm änneren, jee no Land oder Regioun staark. Rieds ass vun den Nems, respektiv Frühlingsrollen, wéi se hei an der Géigend dacks einfach genannt ginn. Dës Spezialitéit, déi mir dacks als Entrée am asiatesche Restaurant bestellen, kënnt eendeiteg aus dem asiatesche Raum (also China, Vietnam, Thailand, Taiwan ...), ma praktesch am ganze westleche Raum hunn d’Nems zënter Joerzéngten eng fest Plaz an der Kulinarik fonnt an d’Variatiounen dovunner si reegelrecht an hirer Unzuel explodéiert.

Och wann d’Nems oder d’Frühlingsrollen eng fest Plaz bei eis hunn an eng vun den Trademarks vun der asiatescher Kichen bei eis an Europa an an den USA gi sinn, kritt een dës lecker a knuspereg Spezialitéiten natierlech haaptsächlech am asiatesche Restaurant, eben do, wou se hiren Ursprong hunn. Natierlech kann ee sech Nems och fäerdeg an déifgefruer kafen a selwer an der Friteuse oder am Air Fryer maachen, mä och hei ass et wéi bei allem: Am beschte sinn dës Rullen einfach, wa se handgemaach a frësch zoubereet sinn.

Sou ënnerschiddlech d’Nimm vun dëser beléifter Entrée sinn, sou ënnerschiddlech sinn och déi verschidden Aart a Weisen fir se ze maachen. D’Zort vum Deeg, d’Fëllung, d’Aart a Weis se zouzebereeden an ze rullen, sou wéi eben och den Numm, changéieren vu Regioun zu Regioun, vu Land zu Land. Wat se verbënnt ass de Fakt, dass et sech hei ëm eng Rull handelt, bei där eng Fëllung aus Geméis an optional Fleesch (Rëndfleesch oder Schwäin) an en Deeg gewéckelt gëtt an an de meeschte Fäll frittéiert gëtt. Wann een dann nach eng gutt Zooss dobäi huet, fir se dran ze zappen, ass d’Frühlingsrolle dacks de perfekte Start fir en asiatesche Menu, wann net souguer de Star vum Owend.

An elo sidd dir nees gefrot! Dir kennt Iech besonnesch gutt aus oder kennt einfach DÉI Adress, fir hei am Grand-Duché gutt Nems oder Frühlingsrollen iessen ze goen? Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert är léifste Plaz un d’Spëtzt vun eiser aktueller Editioun vum RTL-Readers’ Choice!

Maach mat bei eiser Ëmfro, all Stëmm zielt!

Verrot eis, wou Dir am léifsten Nems/Frühlingsrollen iesse gitt respektiv siche gitt! Maacht also drënner bei eisem Vott mat, well Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech déi Plaz, déi vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers’ Choice-Auszeechnung: Best Nems in Luxembourg freeën.

Alleguerte Restauranten oder soss Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 Restauranten/Bistroen zu Lëtzebuerg gehéiert.

Back to Top
CIM LOGO