
De Bockelwal, dee viru Wismar gestrant ass, läit Experten no am Stierwen. Datt d’Déier net op d’Booter reagéiert, wier en Zeechen dofir, sot d’Bianca König vun der Déiereschutzorganisatioun Whale and Dolphin Conservation (WDC) Deutschland der Zeitung “Welt” géigeniwwer. Wéi laang de Prozess vum Stierwe géing daueren, géing der Expertin no vu verschiddene Facteuren ofhänken.
“De Wal huet eng Rei Chantieren, déi hie beanträchtegen an dofir suerge wäerten, datt hie stierwe wäert.” Dat kéint den Owend geschéien oder eréischt an e puer Deeg. Falls de Wal eng Stonn net otemt, wier dat der Expertin no en Zeechen dofir, datt en dout wier.
Den Haaptproblem wier d’Gewiicht vum Déier an déi geréng Déift vum Waasser. Doduerch datt d’Schweerelosegkeet vum Waasser net méi gi wier, géing d’Gewiicht ëmmer weider op d’Organer drécken, wat “zu Organversoen a Kreeslafkollaps” géing féieren. “Et hänkt dovun of, wéi vill Opdriff hien am Waasser huet a vum Gesamtzoustand.”
Och d’Haut, déi duerch de gerénge Salzgehalt am Waasser geschiedegt an agerass ass, wier e Problem. “Et bilde sech Blosen an déi gi vu Méiwen opgepickt.” Da kéinte Pilzer a Bakterie sech op d’Wonn setzen a sech op de ganzen Organismus auswierken, wat de Wal zousätzlech schwäche géing.
An de leschten Deeg gouf et iwwerdeem Diskussiounen iwwer d’Fëschernetz, wat net an der Schnëss vum Déier kéint sinn. E groussen Deel vum Netz - 50 bis 70 Meter - wier schonn Ufank Mäerz ewechgeholl ginn, hat den Ëmweltministère zu Schwerin matgedeelt. Reschter vum Netz kéinten awer nach am Wal sinn.
De Wal ëmzebréngen a vu sengem Schicksal “z’erléisen”, wier aktuell keng Optioun, sot d’König weider.
D’Optioun vum Aschléifere wier vum Dësch, well doriwwer bei esou grousse Mamendéieren an der Praxis ze wéineg bekannt ass. Et géing d’Gefor ginn, datt d’Medikamenter, déi virum Aschléifere déide sollen, ze geréng doséiert wieren. “Et kann een net ausschléissen, datt en d’Aschléifere bei vollem Bewosstsinn materlieft”, sot d’Expertin der Welt. Och eng Iwwerdosis kéint zu Komplikatioune féieren. Am beschte Fall géingen d’Déiere gedéit, schlofe friddlech an da géinge se e Mëttel fir d’Aschléifere kréien. Dat kéint beim Wal awer net séchergestallt ginn.
Och d’Déier z’erschéissen, kéim net a Fro, ënnert anerem, well et schwiereg ofzeschätzen ass, wouhin de Schoss gesat gëtt. Et wier deemno méiglech, datt e puer Mol misst geschoss ginn.
Déi radikaalst, awer effektiivst Method wier et, e Sprengsaz ënner de Kapp ze leeën an de Kapp ze sprengen, esou d’Bianca König weider. Dat wier awer ethesch net ze vertrieden an och duerch d’Leit, déi nokucken, keng Méiglechkeet. Donieft kéint d’Method dozou féieren, datt de Wal bascht an d’Prouwe fir eng méi spéit wëssenschaftlech Analys onbrauchbar ginn.
All dräi Méiglechkeete wieren deemno ausgeschloss ginn. Den “Timmy” gëtt dowéinst op “natierlech Aart a Weis stierwe gelooss”.