Am Libanon182 Doudeger an 890 Blesséierter bei israeeleschen Attacken

AFP, iwwersat vun RTL
Israel ass e Mëttwoch Honnerten Attacken op de Libanon geflunn, deen net Deel vun der Wafferou tëscht dem Iran an den USA ass.
Am ersten Tag nach der Vereinbarung einer Waffenruhe zwischen den USA und dem Iran hat die israelische Armee ihre Angriffe im Libanon verstärkt. Bei den massiven Angriffen wurden mindestens 182 Menschen getötet und 890 weitere verletzt.
Israel ass e Mëttwoch Honnerten Attacken op de Libanon geflunn, deen net Deel vun der Wafferou tëscht dem Iran an den USA ass.
© AFP

Um éischten Dag nom Accord vun enger Wafferou tëscht den USA an dem Iran huet déi israeelesch Arméi hir Attacken am Libanon verstäerkt. Bei de massiven Ugrëff koumen op d’mannst 182 Leit ëm d’Liewen, 890 weiderer goufe blesséiert, wéi de libaneesesche Gesondheetsministère e Mëttwoch matdeelt. Israel huet erkläert, datt d’Wafferou net fir de Libanon gëllt, wat den Donald Trump confirméiert huet. De franséische President Macron huet iwwerdeem gefuerdert, de Libanon och an d’Wafferou anzebezéien.

Am Libanon: 182 Doudeger bei israeeleschen Attacken
Israel ass e Mëttwoch Honnerten Attacken op de Libanon geflunn, deen net Deel vun der Wafferou tëscht dem Iran an den USA ass.

No enger Rei gläichzäitegen Attacken op e Quartier zu Beirut e Mëttwoch am Nomëtteg ass d’israeelesch Arméi och um Owend Ugrëff geflunn, dorënner op e Gebai am Gebitt Tallet El-Chajat. Do ass engem AFP-Fotograf no e Wunngebai an de Koup gefall. Aner Journaliste vun der Noriichtenagence AFP schwätze vun Zeene vu Panik, wéi e puer Attacke wärend der Haaptverkéierszäit den Zentrum vu Beirut getraff hunn. Staatlech libaneesesche Medien no huet Israel och südlech Viruerter vu Beirut ugegraff.

De libaneesesche Ministerpresident Nawaf Salam huet en Donneschdeg zu engem Dag vun der Trauer “fir d’Märtyrer a Blesséierter vun den israeeleschen Attacken” opgeruff, déi sech “géint Honnerte vun onschëllegen Zivilisten, déi sech net wiere konnten”, geriicht hätten. Ëffentlech Verwaltunge sollen zougemaach a Fändelen op Hallefmast gesat ginn. All politesch an diplomatesch Ressourcë vum Libanon géinge mobiliséiert ginn, fir déi israeelesch Truppen ze stoppen.

Den israeelesche Verdeedegungsminister Katz hat virdrun erkläert, déi israeelesch Arméi hätt landeswäit “eng Iwwerraschungsattack op Honnerten Hisbollah-Memberen ausgefouert”. Et wier “den häertste Coup, deen d’Hisbollah zanter der Operatioun ‘Beepers’ erlieft hat”, sot de Katz. Hien huet sech dobäi op Attacke vun Israel am Joer 2024 bezunn, bei deene Pager a Walkie-Talkië vun Honnerten Hisbollah-Memberen am Libanon explodéiert waren a vill vun hinnen doduerch ëm d’Liewe koumen.

No iwwer fënnef Woche Krich hate sech d’USA an den Iran en Dënschdeg op eng Wafferou vun zwou Woche gëeenegt. Den US-President huet d’Eenegung an der Nuecht op e Mëttwoch eiser Zäit annoncéiert. Déi israeelesch Regierung huet erkläert, de Waffestëllstand z’ënnerstëtzen, dës géing awer, anescht wéi vum Vermëttler Pakistan duergestallt, net fir de Kampf géint d’Hisbollah am Libanon gëllen. Den US-President huet dat méi spéit confirméiert.

De franséische President Marcon huet den Trump an den iranesche President Massud Peseschkian an Telefonater dozou opgeruff, d’Wafferou och op de Libanon auszebreeden. Dëst wier aus senger Siicht eng “néideg Viraussetzung” dofir, datt se “glafwierdeg an dauerhaft” wier, esou de Macron op X. Donieft huet hie betount, datt Frankräich “säi volle Bäitrag” zu der Schafung vun engem “stabillen an dauerhafte Fridden” am Noen Oste leeschte géing.

Den UN-Mënscherechtskommissär Volker Türk huet sech wéinst den Attacken am Libanon entsat gewisen. “Esou ee Bluttbad, nëmmen e puer Stonnen nom Accord vun engem Waffestëllstand mam Iran, ass kaum ze gleewen.”

Back to Top
CIM LOGO