
Hie war ee vun de bekanntsten an erfollegräichsten däitsche Schauspiller. Säin Duerchbroch hat hien 1957 mat “Nachts, wenn der Teufel kam”. Engem gréissere Public bekannt ginn, war hien dann och 1963 mat “Winnetou”. Insgesamt huet de Mario Adorf, deen 1930 zu Zürech op d’Welt koum, iwwer 200 Rollen am Kino, der Tëlee an op der Bün gespillt, meeschtens als “dee Béisen”. Baussent Däitschland war hien och international aktiv an huet a villen italieenesche Produktioune matgespillt, ma och zu Hollywood.
Am Laf vun de Joren huet hie quasi all däitsche Filmpräis gewonnen, krut d’Bundesverdientskreuz an och den Europäesche Kulturprais fir säi Liewenswierk. Zanter 2017 war hie mat der Franséisin Monique Faye bestuet. Hien hannerléisst eng Duechter an en Enkel.