
An den USA suergt den nei-geplangte grousse Festsall vum Wäissen Haus fir Polemik. Den US-President Trump hat den East Wing jo zu groussen Deeler ofrappe gelooss, fir e Prestige-Projet deen net onëmstridden ass.
D’New York Times mellt elo, dass fir d’Struktur vum Nei-Bau och Stol aus Europa soll verbaut ginn an zwar vun ArcelorMittal. Dat hätte vertraulech Quellen, déi dem Projet no stinn, der Zeitung confirméiert. Rieds geets vun enger “donation”, also quasi enger Spend, déi de Stol-Ris géif maachen.
Genee Zuele ginn net genannt, mä am Hierscht zejoert hat den Trump schonn ëffentlech getéint, dass hie schonn eng Stol-Spend an Héicht vu 37 Milliounen US-Dollar offréiert kritt hätt. Vun enger - Zitat - “great steel company” huet hien deemools geschwat. Dat just e puer Deeg nodeems den US-President Upassunge bei US-Tariffer annoncéiert hat.*
Eng offiziell Confirmatioun gëtt et bis ewell weder aus dem Wäissen Haus, nach vum Lëtzebuerger Stol-Konzern
*An enger fréier Versioun stoung an eisem Artikel nach, dass och Strof-Taxen op europäeschem Stol reduzéiert gouf, wat net da Fall war. Dës Reduktioune waren op Stol aus Mexiko a Kanada, wou Arcelor-Mittal och Wierker stoe huet.